Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vun deene Jonken hirer Mobilisatioun fir d'Klima, d'Ëmwelt an d'Mënschen. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Magalie Paulus

Zanter Méint gëtt méi oder manner, positiv oder negativ, real oder fake News, iwwert deene Jonken hir Mobilisatioun fir d'Klima geschwat. An de Medien, bei der Kees am Supermarché, beim Comptoire a ronderëm de Kichendësch. Ech wëll elo meng 2 an eng hallef Minutte benotzen, fir ze soen, wéi admirative ech virun hinne sinn a wéi wichteg hiert Engagement ass.

Zanter Jore rifft d'Zivilgesellschaft, zu där ech mech stolz ziele kann, géint déi desastréis Konsequenze vum Klimawandel an d'Inaktioun vun de Regierungen an de Betriber op. Mir hunn Communiquéen, Bréiwer an Depliante geschriwwen, Pressekonferenze gemaach, mat Politiker geschwat, negociéiert a gestridden. Mir hunn och esou munches erreecht, mä et gëtt awer ëmmer méi waarm. Millioune Mënsche riskéieren, an Aarmut ze falen a flüchten ze mussen, a mir si mat dem gréisste vum Mënsch provozéiert Biodiversitéitsstierwe konfrontéiert, dat dëse Planéit jee kannt huet. Déi kleng Schrëtt ginn net méi duer, et musse Grousser ginn a vu jidderengem, mee zemools deenen, déi de politeschen an de wirtschaftleche Pouvoir hunn.

Heiansdo wousste mer net weider a waren frustréiert. Op eemol koum frësche Wand, jonke Wand: fir d'éischt si mer op d'Greta Thunberg opmierksam ginn an puer Méint drop souze mer mat e puer Jonke ronderëm den Dësch, fir e Concours fir e Schülerstreik z'organiséieren. Den 15. Mäerz waren du 15.000 Schüler an de Stroossen zu Lëtzebuerg. An eise Nopeschlänner sinn all Freideg Dausende vu Jonken op der Strooss, fir op d'Urgence mat där mir alleguer an zemools si konfrontéiert sinn. Et geet elo duer!!! Genuch mat hirer Zukunft gespillt!!! Elo muss gehandelt ginn!!! Mir brauchen e fundamentale Changement vum System!!!

De 24. Mee war dunn, mam Blockage vun der rouder Bréck, ee vun den Héichpunkte vu mengem Aktivisteliewen. Dat war einfach nëmmen e mageschen a schéine Moment. An ech mengen, esou Momenter wäerte mer der nach méi mat hinnen erliewen. Eis Jonk si lass an net kleng ze kréien, ausser natierlech déi politesch a wirtschaftlech Decideure géinge wierklech agéiere mat groussen, ongewéinlechen a radikale Schrëtt. Bis dohin wäerten de Jonken nach méi ongewéinlech Aktiounen afalen an ëmmer méi Léit wäerten hannert hinne stoen. RDV an der Woch vum 20. op den 27. September!