De fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels hannerfreet a senger Carte Blanche den Objektiv vun 100% Bio-Produktioun zu Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Robert Goebels

Laut enger Lieserëmfro vum Tageblatt trauen iwwer 60% vun de Lëtzebuerger de Bio-Produkter net.

Si hu Recht mat hirer Skepsis.

Och wann d’Politik d’Baueren dozou wëll bréngen, nëmmen nach Bio ze produzéieren, sinn déi sougenannte Virdeeler vum Bio net evident.

Etüde vu renomméierten Universitéiten hu bewisen, dass Bio-Produkter net méi nahrhaft sinn, ewéi déi aus der klassescher Landwirtschaft.

D’Verdeedeger vum Bio soen, d’Bio-Produkter wären net duerch Chimie belaascht. Dat ass nëmme bedéngt wouer.

Dëse Summer si verschiddentlech Bio-Produkter aus dem Handel geholl ginn, well se kontaminéiert waren. Z.B. Bio-Eeër.

Och weisen d’Studie vun der Europäescher Agentur fir d’Liewensmëttel-Sécherheet, dass bei der grousser Majoritéit vun der klassescher Produktioun keng chemesch Réckstänn festzestelle sinn. Déi virgeschriwwen Norme gi just zu 3% iwwertraff. Dofir verstousse reegelméisseg en Deel vun den Bio-Produkter géint d’Normen.

D’Bio-Landwirtschaft kënnt och net ouni Dünger a Schiedlengsbekämpfung aus.

D’Bio-Wäiner däerfen an Europa geschwiefelt ginn. An den USA ass dat fir Bio-Wäi verbueden. Fir d’Schiedlengsbekämpfung gi Koffer-Derivater agesat. Dat ass ee Schwéiermetall, deen de Buedem staark belaascht. D’Bio-Landwirtschaft benotzt sougenannten „natierlech“ Stoffer als Insektiziden, z.B. Pyrethrum, dee leider och d’Beie killt.

Virun allem ass de Rendement vu Bio tëscht engem Drëttel bis d’Halschent méi kleng. Bei enger honnertprozenteger Ëmstellung vun eiser Landwirtschaft op Bio misst op d'mannst een Drëttel méi Land bestallt ginn.

De Bio erfreet virun allem déi grouss Handelsketten. Bio-Produkter gi méi deier verkaf, an d’Margë si méi grouss.

Dat erkläert, firwat een och am Wanter iwwerall Bio-Tomaten an aner Bio-Geméis ze kafe kritt, dat ni d’Sonn gesinn huet. Déi an Holland oder Spuenien an enger mat CO2-ugeräicherter kënschtlecher Atmosphär an den Zäre wuessen.

Souguer elo, wou ons Beem voller Äppel hänken, bréngt d’Lëtzebuerger Biogenossenschaft BIOG et fäerdeg, Uebst aus der ganzer Welt unzeschleefen. Z.B. Bio-zertifiéiert Äppel aus dem Chile oder aus Neiséiland. Net grad „kuerz Weeër“!

Ons Baueren hunn et schwéier. Si ginn dauernd attackéiert a vun der Politik mat grénger Ideologie iwwerschott. Dobäi sinn hir Produkter besser ewéi jee!