An der Debatt iwwer d’Police-Fichieren ass vill vum Schutz vu perséinlechen Donnéeën an der Privatsphär rieds gaangen. A senger Carte blanche stellt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, fest, dat vill Leit selwer déi Saach mat hirer Privatsphär net esou enk gesinn.

Virun der Vakanz huet den Dossier ronderëm déi ominéis Fichiere vu Police a Justiz fir hefteg Diskussioune gesuergt. Virun allem an der Politik. Well als normale Bierger war et net einfach ze verstoen, ëm wat et genee goung an och haut nach net. A Saache Kommunikatioun ass also sécher nach Loft no uewen.

Wat den eigentlechen Hannergrond ugeet, esou stellt sech am Fong d‘Fro, wéi vill a wat Justiz a Police un Donnéeë kënne sammelen, fir hir Aarbecht uerdentlech kënnen ze maachen, ouni perséinlech Grondrechter vun de Leit ze verletzen.

Dat ass eng quokeleg Saach. An et gëtt net schwaarz a wäiss. An dofir ass et en Thema, dat sech am Fong net fir eng bëlleg Kontrovers tëscht politescher Majoritéit an Oppositioun eegent.

Nu gutt …

Bleiwe mer bei der Police an der Justiz an hirem Optrag fir Sécherheet, Uerdnung a Recht ze suergen. Fir dësem Optrag nozekommen, ginn Date gebraucht an den Zougrëff op Fichiere muss méiglech sinn. Dat ass wichteg. Dat geet net anescht.

Nëmmen ee Beispill aus em Alldag: Polizisten, déi spéit owes op en Asaz geruff ginn, solle wëssen, mat wiem se et do ze di kréien, an ob et eng Gefor gëtt. Dofir brauch een Informatiounen. Dat ass an hirem Interessi an an deem vun der allgemenger Sécherheet.

Et kéint een des Lëscht mat Beispiller, grousser a klenger, weiderféieren. Wat bleift, ass de klore Besoin un Informatioun.

Deem géintiwwer steet natierlech de Bierger, dee wësse muss, wat iwwer hie wou gespäichert gëtt. Hien huet e Recht, d’Spillreegelen ze kennen, virun allem ze wëssen, wien ënner wat fir enge Konditiounen Zougang zu den Informatiounen huet.

An à propos perséinlech Donnéeën a Recht op dat Privat: Wann een - virun allem a Vakanzeméint - esou an de soziale Netzwierker kuckt, wat Leit vu sech weisen a publik maachen, kritt déi ganz Fichieren-Debatt eng aner Nues.

Eng Nues, mat där deen een oder aneren sech selwer huele kann.