De Jean Huss, Ex-Deputeierten a President vum Akut geet op Belaaschtungen an, vun deenen een net ëmmer onbedéngt weess.

«Et geet eis dach gutt», ass e Sproch, deen een nawell oft héiert, an dat stëmmt gréisstendeels och, wann een eis Situatioun mat där vergläicht vu villen anere Länner.

An dach: wéi steet et mat eiser Liewensqualitéit a mat eiser Gesondheet?

Eis Liewenserwaardung ass zwar nach ëmmer zimlech héich, mä och bei eis hunn an de vergaangenen Jore sougenannt chronesch Krankheeten ëmmer méi zougeholl: Kardiovaskulär Problemer an Tumeuren bei ëmmer méi Jonken a Kriibs scho bei Kanner, ëmmer méi Obesitéit an Zockerkrankheet, ëmmer méi psychesch Problemer, Depressiounen, Burnout oder Panikattacken. A bei Kanner virun allem Allergien, Hautproblemer, Autismus oder Hyperaktivitéit.

Chronesch Krankheeten, di mat Alter a Genetik eleng relativ wéineg ze dinn hunn, mä éischter mat schlechter Ernierung, Stress a virun allem all eisen Belaaschtungen aus eiser Ëmwelt.

Grad an deem Sënn alarmant an erschreckend ass elo eng nei franséisch wëssenschaftlech Etüd vun der Santé publique France vum 3. September, an där 6 Kategorie vun Chemikalien am Kierper vun ronn 2.500 Erwuessener an 1.100 Kanner ënnersicht goufen.

Resultat: 1. All Erwuessener ware méi oder manner staark belaascht mat Bisphenoler, Weichmacher, Parabener, Glykoletheren, Flammschutzmëttelen a PFCen.

2. d’Kanner waren esouguer méi staark belaascht an 3. vill vun dëse Substanze schiedegen eis Hormoner a si sécher oder wahrscheinlech kriibserreegend.

2 weider Etüden iwwer d’Präsenz vu Schwéiermetaller a Pestizide sollen nach nokommen.

Et gëtt leider ëmmer nach Politiker, Medeziner oder Korrupt sougenannten Experten, déi de schiedlechen Impakt vun all dëse Belaaschtungen an Expositioune verharmlosen oder leegnen.

Domat muss eiser Meenung no definitiv Schluss sinn an déi responsabel Politiker, an net nëmmen Ëmwelt- a Gesondheetsministère si gefuerdert, fir endlech d’Problematik Ëmwelt a Gesondheet eescht ze huelen a gesondheetsschiedlech Chemikalien, Quecksëlwer an Zännfëllungen an aner Belaaschtungen ze verbidden, och géint d’Geschäft- a Profitintresse vu Wirtschaft an Industrie, wann et da muss sinn.

Doriwwer eraus, ginn dringend gebraucht: ëmweltmedezinesch Fuerschung, Aus- an Weiderbildung fir Medezinsstudenten an Dokteren an ëmweltmedezinesch unerkannten „prise en chargen“ vun ëmmer méi Leit, déi ënnert all dësen Ëmweltkrankheete leiden. D’Glafwierdegkeet vun der Politik insgesamt steet hei méi wéi däitlech um Spill.