De Marc Limpach iwwer Virschléi vum Piketty an anerer...

AUDIO: Carte blanche - Marc Limpach

De Bert Brecht schreift an engem Gedicht, kuerz viru sengem Doud, e bëssen arrogant: “Ich benötige keinen Grabstein, aber wenn ihr einen für mich benötigt wünschte ich, es stünde darauf:  Er hat Vorschläge gemacht. Wir haben sie angenommen.” De franséischen Ekonomist Thomas Piketty huet schonn 2013 vill interessant Virschléi a sengem Buch Capital au XXIe siècle  gemaach, vun deem weltwäit iwwer 2 Milliounen Exemplaire verkaf goufen. Well all Bestseller e Suivi verlaangt, mellt de Piketty sech dëser Deeg mat engem neie Buch zréck. A Capital et idéologie ënnersicht hien elo d’Narrativer, déi d’Ongläichheet historesch ëmmer nees op e Neits legitiméiert hunn, beklot d'Onwierksamkeet vun traditionelle Mesuren a mécht radikal, sozial an ekologesch Virschléi fir géint d’Ongerechtegkeet an eisem Wirtschaftssystem virzegoen. Och wann dem Piketty säin éischt Buch immens vill verkaf a vläicht och gelies gouf, waren dem Piketty seng Aussoe bis elo beim Public méi populär, wéi seng konkret Virschléi bei de Regierungen.

An engem Interview mam Nouvel Obs goung de Piketty kierzlech och speziell op de Präis vun Immobilien an, déi zu Paräis ëmmer méi “verréckt” ginn, an déi hien duerch seng Virschléi fundamental beaflosse wëll, och fir nei gesellschaftlech Gruppen zu Proprietären ze maachen. D’Wunnen ass haut zu enger vun de wichtegste soziale Froe ginn. Déi Problematik kenne mer och zu Lëtzebuerg. 80% vum Bauland ass an den Hänn vun enger klenger Minoritéit, wéi e rezente Rapport vum LISER gewisen huet. An der Stad Lëtzebuerg ass d’Situatioun am schlëmmsten. D'Präisser ginn all Joer ëmmer méi séier an d'Luucht a kee normale Mënsch kann sech deemnächst méi eppes leeschten. Eng Famill mat zwee Kanner mierkt, dass, esou guer wa si haut nach eng Wunneng oder en Haus besëtzt, hir Kanner dat dann fir sech finanziell wuel net méi packe wäerten. Dat huet vill Grënn an et bräicht e ganze Koup déifgräifend Mesuren - a vill Courage - fir fundamental eppes dorunner ze änneren. Awer zumindest ee Grond, dass d’Situatioun esou dramatesch evoluéiere konnt, ass och, well Lëtzebuerger Immobilien ëmmer méi zum internationale Spekulatiounsobjet gi sinn.

D’Stad Wien ass natierlech en interessante Modell an deem Kontext awer esouguer an der Schwäiz gëtt et en interessant Gesetz iwwer d'Acquisitioun vun Immobilien, déi sougenannte “Lex Koller”. Dëst Gesetz enthält eng Rei vu Restriktioune fir d’Kafe vu Wunnraum duerch Persounen, déi am Ausland wunnen (also ausserhalb vun EU an EFTA) an déi hiren effektiven Domicile eben net an der Schwäiz hunn. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng esou Beschränkungen, wärend gläichzäiteg international Beroderfirmen am Ausland Reklamm fir d’Immobiliëspekulatioun zu Lëtzebuerg maachen. An hire “Real estate”-Broschüren bestätege si, dass an de leschte Joren d'Majoritéit vu grousse spekulativen Investitiounen zu Lëtzebuerg vu “foreign institutional investors” gemaach goufen. Do kënnen all déi Leit, déi wierklech hei wunnen a schaffen, natierlech net mathalen. Awer wiem nëtzt dat wierklech, wann iergendwellech Oligarchen hire Cash-Iwwerschoss mat dem Kaf vu Luxuswunnengen hei bunkeren, an dann och nach vun der Präisspiral profitéieren, déi si mat ugedriwwen hunn. Firwat sollen déi Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, net esou gutt géint déi international Spekulatioun mat Wunnraum geschützt ginn, wéi déi Leit, di an der Schwäiz wunnen. Wunnen ass e Grondrecht a mat Grondrechter spekuléiert een net. Iwwert di wirtschaftlech Virdeeler vun deem Schwäizer Gesetz huet déi liberal-konservativ Neue Zürcher Zeitung 2017 geschriwwen: “Lex Koller dämpft Blasengefahr. Seit einiger Zeit zeigen sich auf den Wohnungsmärkten diverser Metropolen weltweit wieder Überhitzungserscheinungen. Zürich und Genf sind davon kaum betroffen – auch wegen der Lex Koller.” Wéi gesot, et ass just e Virschlag.