An den nächsten Deeg wäert déi méi jonk Generatioun och hei zu Lëtzebuerg nees e bëssche méi op sech opmierksam maachen. Et geet ëm de Klimawandel a Klimagerechtegkeet, tëschent de Generatiounen, awer och tëschent deenen, déi vill zum CO2-Ausstouss bäigedroen hunn, an deenen, déi dorënner am meeschten ze leiden hunn. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

AUDIO: Carte Blanche vum Richard Graf

Et kéint ee bal soen: dat neit Schouljoer fänkt esou un, wéi dat aalt opgehalen huet. Dëse Freideg wëllen d'Schülerinnen an d'Schüler hei zu Lëtzebuerg an uechter d'Welt, géint Näischtmaachen a Saache Klimawandel op d'Strooss goen. Zu Lëtzebuerg treffe si sech um 10 Auer bei der Stater Gare a ginn dann erop op d'Kinnekswiss, wou Rieden, Musek an e sëllechen aner Aktivitéiten um Programm stinn.

Anescht wéi nach virun e puer Méint ass de sougenannte Klimastreik vun dësem Freideg allerdéngs eréischt den Optakt vun enger ganzer Woch mat Aktiounen. Och am klengen Grand-Duché sollen d'Leit op d'Fuerderunge vun de Jonken an och heiansdo manner jonke Klimaaktivistinnen an -aktivisten opmierksam gemaach ginn.

Den Ulass fir déi Aktiounswoch ass dee vum UN-Generalsekretär Antonio Gutteres ausgeruffene UNO-Klimaaktiounsgipfel, deen dëse Weekend zu New York stattfënnt. Deen internationale Rendezvous soll dozou bäidroen, d'Ëmsetzung vum Paräisser Klimaofkommes vun 2015 ze acceleréieren.

Ee besonnesche Moment ass dobäi deene Jonke reservéiert. Et dierft jo mëttlerweil kengem entgaange sinn, datt och d'Initiatorin vun de Freides-Klimastreiker Greta Thunberg sech ewell eng Zäitchen zu New York ophält an eng vun Haaptriednerinne wäert sinn.

Déi ganz Woch iwwer wäerte vill Aktiounen, ugemellter an net ugemellter, derzou bäidroen, datt d'ëffentlech Meenung matkritt, datt dat eng ganz besonnesch Woch soll sinn.

Wat opfält: Et sinn net nëmmen déi Jonk, déi den diversen Aktiounen opruffen. Iwwer de Summer ass et nämlech gelongen, eng breet Koalitioun, iwwer déi bekannten Organisatioune vun der Zivilgesellschaft eraus, och mat de grousse Gewerkschaften ze schafen.

D'Militanz an d'Konsequenz, mat där hei probéiert gëtt, op den Handlungsbedarf hinzeweisen, erënnert dach staark un d'Anti-Atom- oder och d'Friddensbeweegung aus den 1980er-Joeren. D'Aart a Weis, wéi schnell an onkomplizéiert déi Jonk esou eppes op d'Bee bruecht hunn, weist drop hin, datt hei dach eppes Neies, eppes méi Grousses am Entstoen ass. Fir dës nei Beweegung besteet och d'Chance, aus de Feeler vu fréiere Mouvementer ze léieren.

D'politesch Recuperatioun ass jo schonns déck am Gaangen, wann ee verschidde Politiker kuckt, déi nach virun net al ze laanger Zäit, d'Klimafro als irrelevant betruecht hunn. An och Dämoniséierung oder d'Versich, dës Beweegung lächerlech ze maachen, hunn och net op sech waarde gelooss.

Am Wichtegsten ass awer den Zesummenhalt vun ganz ënnerschiddlechen Usätz bäizebehalen. Och wann dat heiansdo net ouni Bauchwéi méiglech ass, well deenen engen oder deenen aneren hir Fuerderungen ze radikal oder net radikal genuch sinn.