Wa jidderee just nach u sech denkt, vum einfache Bierger, dem lokale Politiker bis bei ganz Regierungen, a wéi enger Demokratie liewe mer dann?

AUDIO: Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Demokratie kléngt einfach, ass et awer net. Déi al Griichen hu se zwar erfonnt, awer sech selwer net laang dru gehalen. Den Aristoteles fënnt se kompatibel mat der Sklaverei an nach den Churchill wor iwwerzeegt, d'Demokratie wier am Fong déi schlechtst vun alle Regierungsformen, dobäi awer ëmmer nach déi Bescht vun all deenen, déi mer bis ewell probéiert hunn.

Kuckt een eis politesch Realitéit – national sou gutt wéi europäesch - da stellt sech d'Fro, vu wat mer dann eigentlech schwätzen, wa mer de Begrëff vun der Demokratie benotzen. Sou schéngt et ëmmer méi schwéier ze ginn, d'Wuel vun der Allgemengheet an de politeschen Entscheedungen, wéi och an den Visiounen, erëmzefannen oder iwwerhaapt ze identifizéieren.

Do kommen déi all Griichen erëm an d'Spill, an zwar mat der „Ochlokratie“. Am éischte Moment erënnert Ochlokratie vläicht munchereen un en Ausgang, dee Kierperflëssegkeeten ausscheet  – deem ass natierlech net sou, och wann et als Metapher mol guer net sou schlecht passt. Ochlokratie ass dem Polybios seng negativ Variant vun der Demokratie, nämlech d'Regierung vun der Mass am Géigesaz zu där vum Bierger. Hei kuckt jiddwereen just no sech a sengen eegenen Interessen. D'Wuel vun der Allgemengheet gëtt fir den Egennotz souwuel ausgeblent wéi och beschiedegt. Net ëmsoss gëtt Ochlokratie och nach als Herrschaft vum Pöbel bezeechent. Eng ofwäertend Form vum Zesummeliewen, wou jiddwereen, an dat net nëmmen an der Politik, just nach kuckt, déi eegen Täsche sou voll wéi méiglech ze kréien an all Entscheedung aus enger reng egoistescher Motivatioun geholl gëtt.

Heiheem ass sou rezent e Buergermeeschter-Stull wéinst engem Gaardenhaische vakant ginn an international gesinn ass de britesche Versuch, der Europäescher Union de Réck ze dréien, dat selwecht just qualitativ wéi och zueleméisseg vun engem aneren Kaliber.

Dat ass net ongeféierlech, well tëscht dem Allgemengwuel an de cumuléierten Interesse vun all Eenzele gëtt et nämlech keng mathematesch Equatioun, déi e positiivt Resultat liwwert. Am Géigendeel, wa jiddweree just nach u sech denkt, da geet dat op d'Käschte vun der Allgemengheet an där hirem Wuel, oder modern geschwat un d’Liewensqualitéit vun eis all.

De Wëlle vun der Allgemengheet (volonté générale) an de Wëlle vun Allen (volonté de tous) sinn nämlech zwee puer Schong – freet sech just wéi ee mer owes wëlle stellen!