Am September 1944 gouf eist d'Land vun den alliéierten Truppe befreit. Vu friemem Joch a Leed. Mat ville Zeremonië gëtt dëser Deeg uechter d'Ländchen an a ganz Europa dorun erënnert.

Eng Carte Blanche vum Tom Bellion

All eis Matbierger déi 80 Joer hunn oder méi, kënnen sech bestëmmt nach méi oder manner gutt un de Krich an un d'Befreiung erënneren an et ass ze hoffen, dass si net midd gi fir hire Kanner a Kandskanner hier Erliefnisser ze erzielen.

Meng Generatioun hat bis elo d'Chance fir net missen Zäitzeie vun engem Krich vrun der Dir ze sinn, grad wéi eis Kanner. Mee kënnen eis Kandskanner dat a 75 Joer och nach behaapten?

Ech hoffe fir si.

Iwwregens, eis Kanner hunn elo den Alter vun deene jonken Zaldoten, déi op deenen 2 Militärkierfechter zu Hamm leien. An der Bléi vum Liewen hunn si hiert Liewe gelooss, fir eis Fräiheet ze schenken.

Wann et deemools sozial Medie gi wiere, wéi hätten dann hir Message geheescht :

"Hunn elo grad Péiteng befreit", oder

"Mamma, ech mengen ech stierwen hei", oder "Sinn zu Baaschtnech agekesselt" ?

Mee wou sti mer dann elo, 75 Joer méi spéit ?

Mir liewen eis Fräiheet a groussen Zich. A Wann een d'Resultater vun de rezente Walen an europäesche Länner kuckt, da geet engem Héngerhaut aus.

An dann dierf ee jo d'Fro stellen - mee och déi hunn net ëmmer alles gutt a richteg gemaach - wou dann déi staark Leadere à la Franklin D. Roosevelt, Winston Churchill,  Charles de Gaulle, Konrad Adenauer, Helmut Schmidt a Jacques Chirac sinn ?

Hu mir mat Donald Trump, Boris Johnson, Vladimir Putin, Angela Merkel oder Emmanuel Macron déi richteg Mannschaft fir am Sënn vun den alliéierte Befreier an den Architekte vun Europa weider ze kommen an um richtege Wee ze bleiwen ?