Leschte Méindeg gouf déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg feierlech opgemaacht. Dëst ass eng gutt Geleeënheet, sech Froen iwwer d’Moderniséierung zu Lëtzebuerg ze stellen.

Carte Blanche vum Ben Fayot

Lëtzebuerg huet endlech en neit Gebei fir seng Nationalbibliothéik. E schéint Gebai mat enger moderner Architektur um Kierchbierg. Domat kann endlech de Patrimoine vun allem, wat zu Lëtzebuerg an iwwer Lëtzebuerg geschriwwe gouf, op enger eenzeger Plaz an a gudde Konditioune versuergt ginn.

Déi nei Nationalbibliothéik offréiert domat en héich performanten ëffentlechen Déngscht fir jiddereen, dee sech informéieren, forméieren a weiderbilde wëll.

Et war e laange schwéiere Wee bis dohin. Zu Lëtzebuerg gëtt zwar vill iwwer Identitéit geschwat, mä et brauch Zäit, bis eppes dofir investéiert gëtt.

D’Nationalbibliothéik gouf 1973 am ale Kolléisch installéiert. Dëst Gebai war vun Ufank un ze kleng an net dofir gemaach. Dofir hunn d‘Fongen a Kelleren an Annexen ënner oft onwierdege Konditiounen a fir deier Sue misse stockéiert ginn.

An der Chamber gouf jorelaang en Neibau gefuerdert. Och déi dynamesch Directrice huet ëmmer erëm op d’Noutwendegkeet vun engem eenzegen funktionelle Gebai insistéiert.

Mir schwätzen also vun enger Geschicht vun 20, och emol vu 40 Joer.

Och aner wichteg Moderniséierungen dauere laang, ze laang bei ons.

Mir fält dobäi den Tram an, mat dem mer elo confortabel op de Kierchbierg bis vrun d’Bibliothéik fuere kënnen. Den Tram gouf aus klengkaréierten Ursaachen 20 Joer laang verschleeft.

Ech denken och un d‘Uni, iwwer déi d’Diskussioun 1968 ugefaangen huet, an déi eréischt 2003 decidéiert gouf, well d‘Politik de Sënn vun där Moderniséierung laang net erkannt hat.

Mir mussen och iwwer d’Nationalarchive schwätzen, déi nach ëmmer an enger aler Kasäre mat villen Annexen uechter d’Stad installéiert sinn a fir déi säit 20 Joer en Neibau am Gespréich ass.

Firwat dauere wichteg Moderniséierungen esou laang an onsem Land?

Villes gëtt bei ons laang zerriet, bis endlech géint vill Widderstand eng Decisioun fält, meeschtens wann d’Problemer net méi ze iwwersi sinn.

Seelen hëlt d‘Politik sech Zäit, fir muer a fir iwwermuer nozedenken an ze plangen.

Dofir roden ech der Politik, sech elo scho Gedanken ze maachen, wat mat dem ale Kolléisch geschitt, deen elo eidel ass.

Den Herr Bettel huet vun engem Musée geschwat. Mä Muséeën hu mer méi wéi genuch an der Stad.

Wat mer am Stadzentrum brauchen, ass neit Liewen. Ouni dat verkënnt de Stadkär ëmmer méi zu engem Disneyland fir Touristen.

Firwat also net e Konzept fir déi ausgedéngte Gemaier am Stadkär ausschaffen, mat engem Haaptakzent fir bezuelbar Wunnenge fir Familljen?

Domat géif net nëmmen e wäertvollt al Gebai erhalen, mä Plaz fir neit Liewen am Stadkär gemaacht.