Zurzäit ass am Musée um Fëschmaart eng Ausstellung iwwer 100 Joer allgemengt Walrecht opgaangen. De Fernand Fehlen war se kucken. Hei seng Reflexiounen iwwert de Sproochgebrauch an der Chamber an an der Politik.

Dëst Thema huet zwar keen extrae Sall an der Ausstellung, mä et ass ewell omnipräsent. Virun allem gi mir duerch vill Exponaten an duerch d'Beiträg, déi an den zwee Begleetbicher ofgedréckt sinn, drun erënnert, datt bis viru Kuerzem Franséisch d'Haaptsprooch an onsem politesche Liewe war.

Ma d'Lëtzebuergesch ass och präsent. Virum Krich taucht et mat ganz ënnerschiddleche Schreifweisen op Pancarte bei Maniffen an eenzele Plakater op. Nom Krich dann ëmmer méi heefeg op de Walplakater. Et kann een och historesch Toundokumenter lauschteren: E Sketch aus dem Joer 1954 an déi alleréischt Walemissioun um Radio aus dem Joer 1964.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen (7.10.19)

D'Vulleparlament am Gréngewald, déi bekannt politesche Satir vum Dicks aus dem Joer 1848, kann een och bewonneren. Am selwechte Joer huet fir kuerz Zäit den Affekot an Deputéierte Charles Munchen déi éischt Lëtzebuerger satiresch Zeitung allerdéngs op franséisch erausginn. Si ass zwar net ausgestallt, mä an engem Begleetbuch kann een noliesen, wat de Munchen vun de d'Sproochkenntnisser vu senge Kollege gehalen huet.

Hie kommentéiert eng Sëtzung aus dem Abrëll 1848, wéi d'Parlament aus Angscht virun der Revolutioun zu Ettelbréck zesummekomm ass. Do ass ausnamsweis nieft Franséisch an Däitsch och op Lëtzebuergesch diskutéiert ginn. Allerdéngs an engem koppege Lëtzebuergesch, wann een deene puer Sätz, déi de Munchen reproduzéiert, gleeft. Zum Beispill: „Reflechéiert a loost iech eclairéiren, déi Resolutioun, déi der ze huelen hutt, ass important, a kann déi terribelst Consequencen hu fir ons Independenz." Hi mokéiert sech iwwert seng Kollegen a virun allem doriwwer, datt déi meescht de Mond iwwerhaapt net opkréien.

Duerno huet et bal 50 Joer gedauert, bis de Caspar Mathias Spoo 1896 an der Chamber op Lëtzebuergesch d'Wuert ergraff huet, fir d'Ännerung vun der Verfassung an d'Aféierung vum allgemenge Walrecht ze fuerderen. Déi Propose war esou onerhéiert, datt keen op d'Iddi komm ass, fir géint de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ze protestéieren. Eréischt e puer Woche méi spéit, ass eng Grondsazdebatt iwwert de Sproochgebrauch an der Chamber organiséiert an d'Lëtzebuergesch verbuede ginn.

1919 ass d'allgemengt Walrecht dunn ageféiert ginn. Et huet nach bis de 5. September 1945 gedauert, éier den Alterspresident vun der Chamber mat folgendem schéine Saz d'Lëtzebuergescht definitiv zur Parlamentssprooch erhuewen huet; ouni Debatt an ouni Ofstëmmung. En huet einfach gesot: "D'Chamber ass en nombre. D'Sëtzong ass eröffnet."