Engem Mann seng Karriär – a säi Liewen? – ass futsch, well en eng Kéier dernieft getrëppelt ass.

Carte Blanche vum Paul Kremer

Mir hunn ee schlëmme Wopen: E roude Léiw mat oppener Schnëss an duebelem Schwanz. Muss dofir e Mann säin Hutt huelen, deen aus engem besseren Duerf eng schmock Stad gemaach huet, quitt, datt en un e puer Reglementer gekraazt huet? – Wie mécht dat net? – Zum Beispill am Verkéier? – "Schwamm doriwwer"! Mir vergiessen dat am Alldag...

Virschrëft ass Virschrëft, an et gëllt net, wat eisem Kardinol säi Chef gepriedegt huet: Wien nach ni eng gestiicht huet, dee soll den éischte Stee geheien! Dach, mir hu Staat a Kierch getrennt, an ural reliéis gefierfte gutt Réit hu mir ënnerwee trëlle gelooss.

Ee jonkt Greta – keng Garbo... – muss eis dorun erënneren, datt mir kapott maachen a verbëtzen, wouno mir keen Hunn kréine loossen.

Dofir ass dann och hei ee gudde Rotschlo deier: Nämlech op ee Ganzt kucken a net all Grimmelchen dernieft op eng gëlle Wo leeën. – Dach, dat nennt sech "héijer Politik".