Iwwert de Klimawandel schwätzen ass en Ufank, mä et geet nach laang net duer, fir eppes ze änneren.

Carte Blanche vum Christiane Baum

Fréier waren et Bistrosgespréicher am Duerfcafé, haut sinn et laang Discoursen a gescheit Bäiträg op de soziale Reseauen. Zanter méi wéi engem Joer setzt d'Greta säi Liewen an den Déngscht vum Klimawandel an eiser Zukunft. Iwwert dës Approche ka jidderee seng eege Meenung hunn, op alle Fall ass zumindest eng grouss Diskussiounswell lassgetruede ginn. Leider geet et domat net duer!

Jonk an Al schwätze vum Greta, all soen si, wéi wichteg et ass, datt jonk Leit sech fir hir Zukunft asetzen. Politiker hunn de Pouvoir an der Hand, global Ännerunge lasszetrieden a laangfristeg Mesuren ëmzesetzen; mä wat ass wierklech gemaach ginn ausser geschwat? Et sinn zënterhier keng konkret Engagementer geholl ginn. D'Lobby vu groussen internationale Konzerner an enger Wirtschaft, déi ëmmer méi schnell virun dréie muss, ass nach ëmmer fir eis Politiker kuerz- a mëttelfristeg méi wichteg, wéi dat laangfristegt Zil, eis Welt z'erhalen!

Streeë mir eis duerch dat villt Geschwätz vläicht Sand an d'Aen, fir net missen der Wourecht géigeniwwer ze trieden?

Datt déi Jonk sech géint de Klimawandel asetzen, ass vu grousser Bedeitung. Mee firwat fannen dës Aktioune wärend der Schoulzäit statt? Ass d'Klima méi wichteg wéi d'Bildung? Mir däerfe weder op dat eent nach op dat anert verzichten, fir eiser Welt eng éierbar Zukunft ze garantéieren!

Wa jiddereen all Dag ganz konkret selwer eppes ännert: Manner Verpackungen; manner Fleesch, mä besser Qualitéit kafen, dat selwecht gëllt fir Uebst, Geméis a Kären, wat och nach zousätzlech verschidde Gesellschaftskrankheete limitéiert; manner verbrauchen andeems d'Produkter en 2. Liewe geschenkt kréien; den Auto net fir all eenzel a kleng Distanz huelen; Aktivitéiten a Clibb a senger Noperschaft a Gemeng ënnerstëtzen; eng Fligerrees manner pro Joer; dës Lëscht kann ech onendlech viruféieren. Och d'Butteker musse matmaachen - manner Auswiel, méi lokal, dofir méi Diversitéit iwwert d'Saisonen an d'Regiounen; Artikelen, déi den Dag drop net méi verkaf kënne ginn, zum reduzéierte Präis ubidden, frësch Produkter am libre Service iwwert e Verkeefer erausginn, domat gëtt den Emploi och ënnerstëtzt, asw.

Natierlech ass et schwéier, well déi haiteg Generatiounen an enger Consommatiounsgesellschaft opgewuess sinn, Geschäftszentren a Galerië multiplizéiere sech zanter méi wéi 40 Joer. Also huet sech d'Verbraucherverhalen och an dem Sënn verännert. Si mir mol éierlech: Souvill Fräizäitartikelen, Kleeder, Artikelen fir de Stot, Spillsaachen, Autoen asw., wéi mir eis haut leeschten, brauche mir net. Villes kéint nach e puer Joer méi laang duerhalen, éier et géif ersat ginn. Mä vläicht ass dëst Verhalen eng Kompensatioun fir e Manktem vu perséinleche Relatiounen, déi ëmmer méi verluer ginn...?