De Benoît Reiter, Historiker a Jurist an enger nationaler Institutioun, geheit e Mëttwoch de Moien e kritesche Bléck op eng rezent Resolutioun vum Europaparlament.

Carte Blanche vum Benoît Reiter

Viru Kuerzem huet d’Europäescht Parlament eng Resolutioun ugeholl iwwert d'Wichtegkeet vun der europäescher Memoire fir d’Zukunft vun eisem Kontinent. Hannert dësem krypteschen Titel verstoppt sech en Text, deen eng Rei Kontroversen ausgeléist huet, an der Presse an ënnert Historiker.

Déi éischt gutt Nouvelle ass, dass sou eng Resolutioun net einfach ugeholl gëtt an duerno an engem Tirang verschwënnt. Dëst beweist d’Wichtegkeet vun der Aarbecht vum Europaparlament.

Ëm wat geet et an dëser Resolutioun? Am Resumé wëll d’Parlament un den Totalitarismus vu riets a vu lénks erënneren, deen am 20. Joerhonnert souvill Leed iwwer Europa bruecht huet a Milliounen Affer gefuerdert huet. Dës Erënnerung soll eis haut hëllefen, fir eng gerecht, oppen an tolerant Gesellschaft ze kämpfen. Sou wäit, sou gutt, wie kéint schonn eppes géint sou Aussoen hunn?

Dem Europaparlament gëtt fir d'éischt virgehäit, d'Singularitéit vun der Shoah, der Vernichtung vu Millioune Judden, ze relativiséieren. Dëse Reproche erstaunt mech, well den Holocaust gëtt am Zesummenhang vun de Massakeren aus dem 20. Joerhonnert net nëmmen ernimmt, mee ervirgehuewen an expressis verbis als « crime abject » veruerteelt. E puer Abschnitter méi wäit gëtt och den historesche Revisionismus an d'Verherrlechung vun Nazi Collaborateuren a verschiddenen europäesche Länner geneesou condamnéiert.

Wann een da weider Kritiken un der Resolutioun liest, mierkt een, dass et enger Rei Kreesser nach ëmmer opstéisst, dass un den Hitler-Stalin-Pakt vum 23. August 1939 erënnert gëtt, deen den 2. Weltkrich schlussendlech erméiglecht huet, sou wéi et och an der Resolutioun steet. Et schmaacht och net, dass un d'sowjetesch Invasiounen a Polen an an de baltesche Staaten erënnert gëtt. Et schéngen och nach ëmmer Leit Schwieregkeete mat der historescher Realitéit ze hunn, dass fir vill Staaten an Ost- a Mëtteleuropa no der Liberatioun vum Nationalsozialismus net eng Period vu Fräiheet an Demokratie komm ass, mä dass dës Länner en neien, kommunisteschen Totalitarismus hu misse wärend bal engem hallwe Joerhonnert erleiden.

Dësen historesche Rappell vum Europaparlament ass wuel net falsch. Ass en awer equilibréiert a komplett? Do läit fir mech d'Kromm an der Heck. D'Europaparlament muss sech de Virworf vun enger gewësser Eesäitegkeet gefale loossen. D'Resolutioun fokusséiert sech zum Beispill op den Hitler-Stalin-Pakt. Mee war näischt virdrun, wat den 2. Weltkrich erméiglecht huet? Firwat gëtt d’Kapitulatioun vun de Westeuropäer zu München 1938 net ernimmt? Wéi ass et mam Versailler Vertrag etc.? Doduerch, dass d’Resolutioun wuel richteg a wichteg Fakte rappelléiert, an anerer awer vergësst, maachen d'Auteure vum Text sech ugräifbar.

Dëst ass och nach wouer fir aner Problematiken, déi an der Resolutioun opgegraff ginn. D'Auteure schwätzen heiansdo vum Stalinismus, dann erëm vum Kommunismus, a setzen dës Notioune gläich ënnert sech an dann och mam Nationalsozialismus. Iwwert dës Froe si scho ganz Bibliothéike geschriwwe ginn, mä d’Resolutioun erlaabt keng Nuancen. Genausou erstaunlech ass et, wann an engem Text iwwert d'Wichtegkeet vun der Memoire am Kader vum Totalitarismus an Niewesätz op eemol d'NATO oder och den Euro opdauchen.

D'Resolutioun vum Europaparlament weist erëm eng Kéier, wéi e politesch ugehauchten Ausfluch an d'Geschicht zu enger Brochlandung ka féieren.