Oft gëtt gesot, dass Jugend a-politesch ass. Mä zanter dësem Joer geet d'Generatioun “Z” op d'Strooss. Firwat? Wat ass lass mat hinnen? Entsteet eng nei definitiv politesch Generatioun oder sinn déi nei Update vu Computer a Konsolen-Spiller net mat Zäit op de Maart komm? De Marc Hostert mat senger Carte Blanche iwwert den Ënnerscheed tëschent Z an Y an d'Entwécklung vun enger méiglech neier politesch Generatioun.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Do fält engem schonn den zaart marinéierten Tofu vun der Forschette, wann de Fils engem  matdeelt, datt hie sech fir seng Zukunft asetze wëll; Dëst net onbedéngt méi an der Schoul mä op der Strooss.

Ass duerch esou Aussoen de Klischee, dass déi Jonk sech net méi un der Politik interesséiere falsch?

Sinn déi lescht grouss Decisioune wéi de Brexit an d’Wal vum Donald Trump, nach duerch hir grouss elektoral Enthalsamkeet, net an hirem majoritäre Sënn ausgaangen, sou huet sech dës Situatioun, zanterdeem geännert.

Jugend mécht sech éischter méi onerwaart bemierkbar, wa se d'Gefill huet entsat a betraff sinn oder sech Suergen ëm hir Zukunft mécht, oder mengt hir Fräiheete géife vun deenen anere Generatiounen agëengt ginn.

Dëst war 68’ de Fall, bei der Friddensbeweegung an den 90’ an den 2000 Joren an ass elo am beim Klimawandel de Fall.

Beim Klimawandel-Engagement vun der Jugend gëtt et awer e fundamentalen Ënnerscheed nämlech, dee vun de Charakteristike vun zwou verschiddene Generatiounen.

Den Ënnerscheed ass fundamental tëschent der Generatioun Z, gebuer no 2000 an der Generatioun Y, vun de sougenannte “Millennials”, gebuer tëschent 1980 an 1999. Hir Sozialisatioun huet an engem Kontext vun Instabilitéit, vu finanzieller Kris, dem Terrorismus, der technologescher Transformatioun an der politescher Polarisatioun stattfonnt. Dëse Kontext ass duerch Mëttele vun de soziale Medien, a besonnesch duerch den Internet, bei dëser Generatioun, vill méi aflossräich wéi bei deene Generatioune virdrun.

Duerch dës Sozialisatioun huet d’Generatioun Z Gefill kritt, dass se kee Sécherheetsnetz méi huet an ass doduerch villäicht méi engagéiert.

Den Ament sinn Themen aktuell, déi dës Generatioun Z betreffen, Klimaschutz, Paritéit a sozial Gerechtegkeet.

Sinn déi Jonk aus dëser Generatiounen an der Strooss dofir dann eis Politiker Generatioun vu Muer?

Energie a Roserei ginn net duer, fir en Mouvement um Liewen ze halen. Mä d'Generatioun Z huet eng immens politesch Sensibilitéit an Energie un den Dag geluecht.

Eng politesch Participatioun vun dëser Generatioun an Zukunft dorausser ofzeleeden, ass den Experten no net méiglech. Dofir misst et eng politesch Formatioun an der Schoul ginn, déi se léiert, sech an den Decisiounsprozess anzebréngen.

Bis elo gëtt dëst eleng am Elterenhaus geléiert oder och net.

Deemno, kann d’Enn vun der Forschette mat Tofu oder Bifdeck villäicht schonn den Ufank vun der politescher Bildung sinn.