A senger «Carte blanche» vun haut beschäftegt sech de Roland Pinnel mat neien Ausdréck an der Lëtzebuerger Sprooch. Hei dozou seng Iwwerleeungen.

AUDIO: Carte Blanche vum Roland Pinnel

Elo kuerz virun aacht Auer ass eng Zäit, wou déi meescht vun eis scho gefrühstückt hunn. Och ech lieben et, lecker ze frühstücken. Dir wäert wahrscheinlech elo soen: a wat schwätzt deen do fir e Brach. Dat heescht dach op gutt Lëtzebuergesch: Kaffi drénken. An et liebt een et och net Kaffi ze drénken, mä et drénkt ee gär Kaffi.

Abee, et ass erstaunlech, wéi frühstücken a lieben amgaange sinn, sech an d’Lëtzebuerger Sprooch anzeschläichen.

Näischt géint d’Innovatioun an enger Sprooch! Si soll a muss lieweg sinn a si soll a muss sech weider entwéckelen. Neologismen, also nei  Wuertkreatiounen, si gär den Ausdrock vun der Evolutioun an der Vitalitéit vun enger Sprooch. Ob een se dofir awer direkt 1 zu1 aus enger anerer Sprooch muss iwwerhuelen, sief dohigestallt.

Nach méi problematesch gëtt et allerdéngs, wann d’ëffentlech Hand och op eng Kéier nei Wierder erfënnt, déi awer heiansdo esou eppes vun niewent dem Dill leien. E Beispill gefälleg? – Zanter 2016 flattert zwee Mol am Joer de Magazine «GUDD» an d’Bréifkëscht vun all Stot. «GUDD», wann ech gelift mat zwee «D» geschriwwen, an net, wéi een et am Lëtzebuergesche misst schreiwen, nämlech mat 2 «T». Wann een op kompetenter Plaz nofreet, da kritt ee gesot, dat wär e Wuertspill, eng stylistesch Fräiheet. An iwwregens géif een am 2. «D», deen och nach um Bauch läit, e smiley erkennen. Mat engem «T» hätt een dat net maache kënnen. Mat anere Wierder: eng korrekt Schreifweis huet enger sougenannter stylistescher Fräiheet misse wäichen.  Mam Resultat, dass haut ganz vill Leit net méi wëssen, wéi ee «gutt» schreift. Si kréien et jo vun offizieller Säit    f a l s c h   virgemaach.

Ech wëll beileiwen net mëssverstane ginn. Näischt géint d’Erfanne vun neie Wierder, ganz am Géigendeel. Mä, déi sollen awer keng falsch Orthografie vermëttelen an och keng realitéitsfriem Importer duerstellen, wéi bei frühstücken a lieben. An déi nämlecht Kategorie kann ee getréischt och nach aner linguistesch Importer areihen, wéi déi nei Manie, fir zum Beispill net méi ze soen «vun 10 Auer un», mä «ab 10 Auer». Oder «falls eppes geschitt» amplaz vu «wann eppes geschitt».

An deem Sënn soen ech och elo ganz bewosst net ciao oder esouguer ciao, ciao,  mä ganz einfach dat schéint Wuert Äddi.

De Roland Pinnel ass Éirendirekter vum Luxembourg City Tourist Office.