A senger «Carte Blanche» warnt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, virun deene Politiker, déi Leit a Meenungen a Kategorië klasséieren a sech - aus wat fir enge Grënn och ëmmer - moralesch an ethesch iwwerleeë gesinn.

D'Carte Blanche vum Marc Glesener

„Mir hu méi streng Standarden, dowéinst gëtt méi streng op eis gekuckt.“-  Dëst wor den Haaptmessage vum Radio-Optrëtt vun der jonker grénger Parteipresidentin e Mëttwoch de Moien hei op der Antenne.

Mir sinn anescht. Mir si besser. Mir hu méi héich moralesch an ethesch Uspréch ewéi déi aner. Dëst alles stécht hanner dëser Ausso, déi am Fong sou munches ausseet iwwer d’Fassong, ewéi sech en etlech gréng Politiker selwer gesinn.

Bescheidenheet gesäit anescht aus. Do géif eng gutt Portioun Autokritik sécher hëllefen.

Déi Saach mat de Standarden, déi ee sech selwer setzt, huet eigentlech näischt mat Parteizougehéieregkeet oder enger Ideologie ze dinn. Et geet hei einfach em déi eegen Astellung, wann ee sech fir déi ëffentlech Saach asetzt.

Et huet een e Mandat an domat en Optrag vun de Leit an och eng Verflichtung, dem Allgemengwuel ze dengen.

A bei all deem soll ee kredibel bleiwen. Dofir sollten den Usproch un sech an déi aner an d‘Wierklechkeet, also dat Praktescht, net ausernaner driften.

Waasser priedegen a Wäin drénken. Dëst Konzept geet ville Leit gehéiereg op d’Strëmp. Zu Recht.

Wat Politiker a Standarden u sech selwer ugeet, esou hunn déi Gréng dëst net erfonnt. Ee Bléck an déi jénger politesch Geschicht hei am Land kéint der Madamm Bernard op d‘Spréng hëllefen. Ech denken hei un de Johny Lahure. Hien huet viru gutt 20 Joer als Gesondheetsminister Verantwortung iwwerholl, fir Dysfonctionnementer a sengem Ministère, mat deenen hien näischt ze dinn hat.

Hien wor en Affer. Hien huet awer och sech selwer a säi Mandat geaffert, fir en Zeechen ze setzen an der Politik en général hir Kredibilitéit ze verdeedegen.

Den Här Lahure wor e Rouden. Hien huet konsequent a richteg gehandelt. An dat hat näischt mat enger Partei ze dinn, déi net per se soll a kann beusproche besser, méi moralesch a méi gerecht ze sinn ewéi anerer.

Wien d’Politik an domat Wieler a Mënsche vun uewen erof a Kategorien andeelt, a gudder a schlechter, a moralescher a manner moralescher, deen ass mir suspekt. An am Endeffekt net grad e Beispill vu Toleranz, Oppenheet a Mënschlechkeet.