Déi Fro hunn ech mer gestallt no etlechen Erliefnesser an Informatiounen an der leschter Zäit.

Carte Blanche vum Astrid Lulling

Proprietäre vun Terrainen a vun Haiser oder Wunnengen, déi se net selwer bewunnen, hunn an eisem Land an der Ëffentlechkeet kee gudde Ruff. An der Reegel gi si verantwortlech gemaach als Spekulanten, déi Schold doru wären, dass Leit mat Akommes ëm de Mindestloun sech zu Lëtzebuerg keng Wunneng méi leeschte kënnen.

Wéi ech Buergermeeschtesch zu Schëffleng war, hunn ech an deem deemols groussen Duerf vun ëm 5500 Leit a 15 Joer iwwer 500 nei Proprietäre vun hirer Wunneng  am Kader vum soziale Wunnengsbau gemaach, ouni Fonds de logement, allerdéngs mat Initiative vun der Gemeng.

Firwat dat haut net méi méiglech sollt sinn, däerfe bestëmmt Politiker sech emol froen.

Deputéierten, déi no 2004 an der Chamber waren, däerfe sech awer och froe, firwat mer elo e Gesetz hunn, dat de Gemengen net méi virschreift, d’Proprietäre mat ageschriwwenem Bréif ze informéieren, wa si eng Modifikatioun un hirem Bebauungsplang Wëlles hunn, duerch déi hiren Terrain betraff gëtt. Et geet mer hei net ëm déck Proprietären, déi Beroder a Personal hunn, déi sech dagdeeglech dorëms këmmeren.

Et geet mer ëm Leit, dacks Eelerer, déi net all Dag déi ganz Zeitung mat allen offizielle Communiquéë liesen, déi net op der Internetsäit vun der Gemeng ënnerwee sinn an dofir net gewuer ginn, datt hir Gemeng eppes plangt, wat de Wäert vun hire puer Ar Terrain erofsetzt oder se praktesch expropriéiert. Esou Reegele si fir mech mat engem Rechtsstaat onvereinbar.

E Spezialist huet mer viru kuerzem dozou gesot, esou Reegele wier et emol net bei Kommuniste ginn, wéi déi nach a veschiddene Länner an Europa um Rudder waren.