Wat sech de Moment an der politescher Zeen, ofspillt entsprécht dacks kengem gudde Styl. Manner Muechtspillercher a Verfollege vu perséinlechen Interessen op lokalem an nationalem Plang, méi Transparenz vun der Regierung a méi ee proaktiivt Parlament, dat sech op déi wierklech wichteg Problemer géing zeréck erënneren, géingen hëllefen, d'Politikverdrossenheet ofzebauen.

AUDIO: Carte Blanche vum Francis Schartz

Wat sech de Moment an der politescher Zeen, souwuel op Gemengeplang, wéi an der Chamber ofspillt, gëtt mir ze denken.

Gemengeréit, déi net eens ginn, wou souguer d’Police geruff gëtt, Buergermeeschter déi aus diverse Grënn ofdanken, oder net wéi versprach hire Posten un de Schäffe weiderginn a géint de Wëlle vun der Majoritéit vun der Bevëlkerung Projeten duerchsetzen.

An dann déi berühmten Affär Gaardenhaischen!

Wéi gutt, dass dës Affär opgedeckt ginn ass an dass dee Verantwortlechen huet missen d’Konsequenzen zéien.

Et ass och richteg, datt d’Parlament seng Kontrollfunktioun iwwert d’Regierung ausüübt, an datt d’Oppositioun do eng wichteg Funktioun iwwerhëlt.

Dat ass jo och geschitt an elo muss d’Justiz hir Aarbecht maachen.

Et gefält mer awer net, wéi verschidde Politiker, hiert Mandat benotzen, fir entweder hir Muecht quasi diktatoresch auszeüben, oder souguer handfest perséinlech Interesse verfollegen.

Et gefält mer och net, wéi eng Wichtegkeet d’Gaardenhaischenaffär, grad ewéi sengerzäit d’Plätterchersaffär, an der Chamber kritt huet.

Virun allem gefält et mir net, op wéi eng Aart a Weis déi eng Politiker mat deenen aneren ëmginn!

Léif Politiker, mir hunn iech gewielt, fir eis Bierger ze vertrieden an net fir Muechtspillercher ze bedreiwen.

Mir géing eng Chamber gefalen, déi méi proaktiv géing schaffen zu deene Froen, déi d’Zukunft vun eisem Land bestëmmen. Gesetzesprojete kënne bekanntlech och vun der Chamber ausgoen.

Et däerft dann natierlech net sinn, datt wann déi eng ee Virschlag man, déi aner ipsofacto dogéint stëmmen.

Ech géing mer och wënschen, datt d’Regierung dem Parlament méi kloer géing ze erkenne ginn, wou si d’Land wëllt histeieren.

De Moment bleiwe vill Froen opstoen:

Wäert d’Steierreform wierklech eng ökologesch sinn?

Kënnt eng CO2 Steier?

Kënnt endlech ee Klimaschutzgesetz?

Wéi geet et mam Pacte Logement weider?

Ginn an der Educatioun déi néideg Akzenter gesat, fir eis Jugend fit fir d’Zukunft ze maachen?

Ech hoffen, datt d’Parteie selwer zu sou komplexen Themen intern Aarbechtsgruppen hunn an hire Mandatairen déi néideg Virgabe liwweren.

Froen, déi eis Zukunft wäerte prägen, interesséieren och d’Zivilgesellschaft, déi ëmmer méi verlaangt, souwuel op lokalem, wéi op nationalem Plang agebonnen ze ginn.

Léif Politiker, ee méi respektvolle Styl an een Zeréckbesënnen op déi wierklech wichteg Problemer géingen eis als Bierger a Wieler besser gefalen a géingen hëllefen d’Politikverdrossenheet ofzebauen.

*Francis Schartz, Pensionéierte Lycéesdirekter, Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.