D’Stierfkultur gëscht an haut – en Thema fir Allerhellgen an Allerséilen. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Wie ka sech nach erënneren, wéi ee fréier gestuerwen ass? Doheem am Krees vun der Famill, versi mat de Stierfsakramenter – soss d'Regel, haut d'Ausnam. Den „Här" ass geruff ginn, d'Péis huet gelaut, de Verstuerwene gouf an der Stuff opgeboert, d'Leit si seene komm, de Cortège goung op de Kierfecht, se hu gekrasch ënnerwee a gebiet, d'Begriefnes, de Läichendéngscht an der Kierch, d'Iessen, all Woch eng Wochemass bis zur Sechswochemass, schliisslech d'Joermass, déi éischt, déi zweet asw. En agespillten Ensembel vu Riten an Zeremonien, fir Abschid ze huelen an den Dout ze bewältegen. Dës „ars moriendi" ass passé, och wann Elementer sech bis haut erhal hunn. Gestuerwe gëtt haut an der Klinik, d'Läich deponéiert an der Morgue, d'Begriefnes an aller Stëllt. Doudebillercher gëtt et keng méi, dach, nach Remerciementskaarten. Blumme sinn ofgeschaaft („ni fleurs ni couronnes"), mä et kann een en Don maachen zu Éiere vum Verstuerwenen – haut eng Pub an "Haupteinnahmequelle" fir all philanthropesch Wierker.

Dat decisiivt Mierkmol vun dëser Entwécklung, déi vun de siechzeger Joren un den alliwwerkommenen Zeremoniell progressiv ofgeléist huet, ass d'Pluraliséierung vun de Stierf- a Begriefnesriten. Net nëmmen ideologesch hu sech Reliéis an Zivil ausenaner dividéiert, och d'Form huet sech vervillfacht: Klassescht Äerdbegriefnës, Verbrennung – mat Graf oder ouni, d. h. Verstreeë vun den Äschen op enger Streewiss, Zeremonie um Kierfecht oder am Crématoire, Bäisetzen um Bëschkierfecht (eng nei Erfindung zënter zéng Joer) an an an.

D'Begriefneskultur, Bild vun eiser pluralistescher Gesellschaft, déi sech fragmentariséiert! Wéi ee lieft, esou stierft een. Nom Schema X gëscht – haut alles personaliséiert. Den Defi fir déi ëffentlech Instanzen, reliéis wéi zivil, besteet doran, mat Feingefill ze eruéieren, wéi wäit dësem Pluralismus Rechnung ze droen ass, a wou ee muss Grenzen zéie viru net méi liefbarer Individualiséierung, Willkür oder Schabernak.

Mä bei all deene Mutatiounen ass dach eppes bliwwe bis haut: De Respekt vis-à-vis vun den Doudegen, dee mir hinnen op dësen Allerhellgendeeg erweisen. A sief et nëmmen, well mir realiséieren, dass mir, déi Lieweg, op hire Schëllere stinn.

Georges Hellinghausen