A senger «Carte blanche» beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, ënner anerem mam Bréif vum Duo Solovieff/Wiwinius a mengt, Politik a Justiz sollte sech op hir Aufgabe konzentréieren.

Nom Motto „Schuster, bleib bei deinem Leisten“.

D’Politik, déi politesch Institutiounen op kommunalem an nationalem Niveau grad ewéi d’Institutiounen en général brauchen déi néideg Autoritéit a musse kredibel sinn, fir hir Missioune kënnen ze erfëllen.

Dat ass esou. Heiheem, ewéi iwwerhaapt an allen demokratesche Staaten.

Klengt einfach, an der Theorie.

Mir sinn hei am Land grad an engem anere Film. D’Tittelzeilen an de Medie schwätzen eng kloer Sproch. Hei geet et em d’Profitéieren an ëffentlecher Ämter oder Positiounen, ëm presuméiert Vetternwirtschaft  an neierdéngs kënnt dann och nach en handfeste Sträit tëscht Institutiounen dobäi, an deem et dann elo 1:1 tëscht Justiz a Parlament stoe soll.

Wat soll dat alles?

Wat d’Bierger heivun halen a wat dëst alles u Reaktioune provozéiert, ass op deene sëlleche Foren am Internet nozeliesen.

Carte Blanche - Marc Glesener

D’Vertrauen a Politik, Politiker a Leit an ëffentlechen Ämter ass amgaangen, hefteg heirënner ze leiden.

Et wier deemno un der Zäit,  konkret politesch Akzenter ze setzen oder mat alternativen Iddien ze iwwerzeegen.

E fromme Wonsch.

Et gëtt weider am Dreck gewullt a probéiert, de Géigespiller ze diskreditéieren. Op alle Säiten. An et dierft nach net fäerdeg sinn. Mir wäerten an den nächste Wochen nach vill héieren doriwwer, wie vu wiem de Wuess geméit kritt huet, wie wouhi mat wat fir engem Chauffer ënnerwee war an esou weider.

Fir net falsch verstanen ze ginn: Onreegelméissegkeeten, Amtsmëssbrauch an dees méi sollen a mussen opgedeckt a bestrooft ginn. Dofir ass d’Justiz zoustänneg!

Erlaabt mer an dësem Kontext, kuerz op den Appell vum Duo Solovieff/Wiwinius anzegoen, deen am Fong interessant ass. De Bréif vum 21. Juli 2019, deen erstaunlecherweis eréischt 3 Méint méi spéit fir Opreegung suergt, ass en Appell tëscht Gewalten uerdentlech mateneen ëmzegoen. Ongewinnt, awer interessant. Fir mech jiddefalls kee Skandal. Wann een den Appell richteg versteet oder verstoe wëll.