Zu Lëtzebuerg hu mir zënter laangem ee relativ staarke Wuesstem...

Carte Blanche vum Carlo Thelen

E kënnt vun eiser demographescher Entwécklung, déi hirersäits vun eiser attraktiver Wirtschaft gedriwwe gëtt. Sou wäit, sou gutt. Et schéngt allerdéngs, dass d’Wuert "Wuesstem" ëmmer méi negativ behaft gëtt. D’Kritiker verweisen op déi negativ Säite vun der Croissance: héich Wunnengspräisser, deeglech Stauen, Impakt op d’Ëmwelt.

Si verlaangen ee Modell mat manner Wuesstem, deen et trotzdeem - oder grad dowéinst – géif erlaben, méi glécklech ze liewen. Wuesstem ass sécher net den hellege Graal vum Wuelbefanne vun de Leit. Mee en ass awer eng wichteg Viraussetzung, fir dass Léit an der Gesellschaft sech zesummen entfalen kënnen. Eng "negativ Croissance", wéi mer virun 10 Joer kannt hunn, féiert zu sozialen Onrouen an zu Réckschrëtter an eiser Gesellschaft. Et gëtt also keng Alternativ zum Wuesstem. Par contre, Wuesstem, deen net begleet gëtt, ass net nohalteg. Am Moment vergréissert sech zum Beispill d'Beschäftegungszuel all Woch ëm ronn 250, dat eleng entsprécht ronn 150 Autoen méi op eise Stroossen.

Ee politescht dekretéiert Ofbremse vun der demographescher oder wirtschaftlecher Dynamik ass an eiser oppener Ekonomie ondenkbar. D’Léisung läit vill méi an engem Konzept, dat d’Chambre de Commerce schonn 2012 an d‘ëffentlech Debatt bruecht huet: de qualitative Wuesstem.

Also net manner, mee e bessere Wuesstem, dee sech op d’Produktivitéits-Steigerung stäipt. Dësen ekonomeschen Terme heescht: "Méi oder besser wirtschaften, mee mat manner Ressourcen". An dat an eiser ganzer Gesellschaft: doheem, an de Betriber, an eise Verwaltungen, asw.

Duerch den technologesche Fortschrëtt, nei Aarbechtsorganisatiounen, nei Konsum-Modeller kann den Eenzelen an eis Kollektivitéit mat manner Ressourcen méi Räichtum schafen.

Eist Land muss vill Recoursen importéieren an ass dofir den ideale Standuert, fir nei Usätz am Beräich qualitative Wuesstem ze testen, an duerno resolut unzewenden.

Dat ass an der leschter Legislatur-Periode och geschitt, andeems de Wirtschaftsministère zesumme mat der Chambre de Commerce déi sou-genannte Rifkin-Etüd lancéiert huet. D’Etüd huet och zu konkreten Usätz a verschiddene Beräicher gefouert.

Ech hoffen, dass déi doraus entstanen Dynamik an den luewenswäerten Asazaart vu villen Acteuren aus dem privaten an ëffentleche Secteur net ëmsoss waren, an dass de qualitative Wuesstem duerch innovativ Modeller weider gefërdert gëtt.

Dofir musse bestoend Kompetenzen den neie Besoinen ugepasst ginn, an nei Kompetenze mussen derbäi kommen. Dës kënnen net nëmmen aus dem Ausland kommen, mee sollen och heiheem séier a proaktiv aus dem Lëtzebuerger Educatiounssystem, an aus eiser Aus- a Weiderbildung massiv mobiliséiert ginn.

Och heifir gëtt et keng nohalteg Alternativ!