E Mëttwoch schwätzt d'Magali Paulus vun der éischter Assemblée climatique citoyenne zu Lëtzebuerg. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

No de grousse Klimamobilisatiounen am September gouf den 19. Oktober déi éischt Assemblée climatique citoyenne zu Lëtzebuerg organiséiert. Op engem verreente Samschdeg sinn iwwer 120 Bierger an Biergerinnen am Stater Jongelycée zesumme komm, fir iwwert Klima-Aktioun zu Lëtzebuerg nozedenken. Et ware Jonker do, eeler Dammen an Hären, Eltere mat klengen a grousse Kanner, Leit, déi ee kannt huet, mä och Leit, deenen een an eisen Aktivisteblosen nach ni begéint war. All déi Léit hunn zesummen iwwerluecht, diskutéiert, een deem aneren nogelauschtert, fir zesumme konkret Aktioune fir eng gerecht an solidaresch ekologesch Transitioun z'entwéckelen.

Carte Blanche Magali Paulus (6.11.19)

D'Haaptzil vun der Assemblée war d'"convergence des luttes" an d'Inclusioun vu Léit, déi der Beweegung wëlle bäitrieden. Dat Ganzt war organiséiert vun ONGen, Gewerkschaften a Biergerbeweegungen. Dass déi verschidden Organisatiounen, déi grousse Manifestatioun de 27. September zesummen organiséiert hunn, war schonn zimlech eemoleg. Mä dass mer dunn nach all zesummen déi éischt Assemblée climatique citoyenne erméiglecht hunn, war fir mech e weideren Schratt an den erwënschte Systemwiessel.

Et ass nëmmen, andeem mer eis Kräfte bündelen, dass mer en Impakt kënnen hunn. D'Kritiker ënnerstellen eis jo dacks, dass mir ONGen, Gewerkschaften oder Biergerbeweegungen nëmmen eisen Nuebel kucken an net zesummen un engem Strang wëllen zeien. Mä mir sinn um Wee dohin, och wann et méi wéi e Strang gëtt, un deem mer zéie mussen.

Och musse mer bei eis ufänken, aus eisem Confort erauskommen ob mat oder ouni SUV. Et geet drëms, nei an aner Denkformen nozegoen, sech zesummenzesetzen an zesumme Léisungen ze fannen. Des Léisungen an Aktioune waren esou verschidden ewéi d'Leit, déi do waren, a si vu Mobiilité douce, direkt Demokratie, méi Visibilitéit an Deconsommatiounskampagnen iwwert bien-être animal, Kanner mat positiven Aktiounen inspiréieren, buen vivir, CO2 Stockage a Steier bis Stop CETA gaangen.

Dëst ass nëmmen den Ufank vun enger neier Form vun Engagement vun de Bierger an deene verschiddenen Organisatiounen. Et wäerten nach méi esou Assembléeë ginn, wou Mënschen zesummekommen, fir eng gerecht a solidaresch ekologesch Transitioun ze realiséieren an dës Welt liewenswäert fir déi nächst 7 Generatiounen ze maachen.