"Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler" war 2016 bei der Schoulrentrée den Haaptakzent vum Unterrechtsminister, fir enger ëmmer méi heterogener Populatioun besser gerecht ze ginn. Dës Politik ass zënterhier konsequent ugewannt ginn an de Gaston Ternes (*) mécht sech 3 Joer duerno seng Gedanken dozou.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

D’Fragmentatioun vun der Schoullandschaft ass net spezifesch “lëtzebuergesch”. Si ass ee generelle Phänomen! No de Chercheuren Anne Barrère a Bernard Delvaux (Unien Paräis Descartes a Namur) ginn et am Kader vun der Mondialisatioun dräi grouss Grënn heifir: déi ëmmer méi grouss Heterogenitéit vun der Populatioun, de Wonsch fir sech bei senges gläiche kënne weiderzebilden an d’Striewe no enger individueller Gestaltung vum Léierparcours.

D’Fragmentatioun selwer weist sech bei eis virun allem duerch d’Schafe vun internationale Reseaue vu Schoulen, Europaschoulen, Montessori-Schoulen, fir nëmmen déi ze nennen.

Zu Lëtzebuerg muss ee sech elo, 3 Joer nom Lancement, d’Fro stellen wou mir histeiere wëllen: wëlle mir eng ëmmer méi grouss Opspléckung vun der Schoullandschaft fir, wéi et am Regierungsprogramm steet, dem Eenzele méi gerecht ze ginn? Oder dréit grad des Fragmentatioun zu nach méi Ongläichheet bäi? Stéchwuert “deier Schoulen” versus “gratis Schoulen” oder “fräie Rekrutement vun den Enseignanten” versus “staatlech gereegelte Rekrutement”?

Dee probabelsten Zeenario fir déi nächste Joren wäert wuel eng ëmmer méi grouss Opspléckung vun der Schoullandschaft sinn, mat privaten Acteuren – gewënnbréngend oder net - an ëffentlechen Acteuren. An deem Zeenario sinn et de Jonken a seng Elteren déi decidéieren wat fir eng Offer si op dem diversifizéierte “Maart” vun der Schoullandschaft wielen. Et schéint mir evident, dass d’Schéier vun den Ongläichheeten da nach méi ausenaner geet.

D’Fragmentatioun werft een zweete Problem op: wann ee Jonken, gewëssermoossen “à la carte” säi Schoulsystem wiele kann, ass d’Gefor da net grouss dass hie sech dee fir hien einfachste Wee wielt? Et kéint da gutt sinn, dass dat vollt intellektuellt Potential vu munch Jugendlechen net méi ausgenotzt gëtt.

Schweden ass no iwwert 30 Joer vu politesch gewollter ëmmer méi fragmentéierter Schoullandschaft haut am Gaang ee Wee zeréck an eng méi unifiéiert Schoullandschaft ze sichen. D’Ongläichheete si nämlech massiv an d’Luucht gaangen an d’global Performance vun der schwedescher Schouloffer ass vum Spëtzefeld an dat zweet Mëttelfeld zeréckgefall.

Fir eis heescht et also op kee Fall waarde bis d’Reforme gräifen, mee si elo scho begleeden!