Viru genee 10 Joer huet de Patrick Michaely aus dem ‘natur musée’ an enger Carte blanche gefrot: Kennt Dir d’Drosera? Um Lëtzebuerger Territoire ass dës insektefriessend Planz nämlech fir d’lescht 1983 an de Bouferdanger Mouren observéiert ginn. Duerno ni méi! D’Lëscht mat ausgestuerwenen a bedrote Planzen- an Déierenaarten ass zënterhier leider net méi kleng ginn. A senger Carte blanche vun haut stellt de Patrick Michaely en Déjà-lu vir!

Carte Blanche vum Patrick Michaely

Am Mee 2019 huet de Weltbiodiversitéitsrot en ausféierleche wëssenschaftleche Bericht verëffentlecht, an deem detailléiert beschriwwe gëtt, datt bal e Véierel vun alle bekannten Déieren a Planzenaarte vum Ausstierwe bedrot ass. Dat sinn eng Millioun Aarten. Aartestierwe fënnt awer net nëmmen am südamerikaneschen Dschungel oder australesche Koralleriffer statt, mä och hei am Land spille sech esou Dramaen of. Déi kierzlech virgestallte Rout Lëscht vun de Bréivullen zu Lëtzebuerg ass de wëssenschaftleche Beweis dofir.

Mä, en Drama? Ass dat net e grousst Wuert, wann ee vun onscheinbare Planzen, op den éischte Coup lästegen Insekten oder Allerweltsvulle wéi Spatze schwätzt? Muss dat een eppes ugoen?

U sech ass Ausstierwen e ganz normalen natierleche Virgank. Keng Evolutioun ouni Ausstierwen. Schätzungen no sinn am Laf vun der Äerdgeschicht 500 Milliounen Aarten ausgestuerwen, dat wieren 99,9 Prozent vun allen Aarten, déi et jee gi sinn. 5 Massenausstierwen hunn d’Wëssenschaftler bis elo festgestallt; dat bekanntste viru 65 Millioune Joer, bei deem - ënner aneren -  déi ganz Dinosaurierfauna un de Folgen vun enger kosmescher Katastroph ëmkomm ass. Um aktuelle sechste Massenausstierwen ass allerdéngs eng speziell Aart, an zwar de plakegen Af, net onschëlleg.

D’Drosera oder de Spatz selwer maache sech natierlech keng Gedanken doriwwer, wat et heescht um Ausstierwen ze sinn, de plakegen Af par contre ganz wuel. Also net nëmmen wat et bedeit als Individuum ze stierwen, mee als ganz Aart komplett vum Äerdbuedem ze verschwannen. Am Zäitalter vun engem globale Klimawandel expriméiert hie mat Momenter richteg existentiell Ängscht, wann et ëm d’Iwwerliewe vu senger eegener Spezies geet.

Wann een dovunner ausgeet, datt all déi geschätzten 10 Milliounen Aarten, déi et op der Welt ginn, alleguerten iergendwéi matenee verwannt sinn, well se ee gemeinsame Virfaren hunn, da sollt de plakegen Af awer och endlech kapéieren, datt dat, wat fir hie gëlle sollt, och fir seng Verwandschaft, a sief et eng ëm 100.000 Ecken, ze gëllen huet. Aartestierwen geet ons alleguerten eppes un. Aarteschutz ass leschtenends ëmmer och Mënscheschutz.

Also jo, et ass en Drama, wann eng Aart kuerz virum definitive Verschwanne steet!

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.