Net eleng duerch déi staark Präisentwécklung am Logement bestëmmen ëmmer méi ekonomesch Froen a Problemer den Alldag vun den Mënschen an dreiwen esouguer d’Politik viru sech hir. A senger Carte blanche e Freideg mécht sech den Ekonomist Marc Muller Gedanken iwwert d‘ekonomesch Bildung an de Lëtzebuerger Lycéeën.

An den Ekonomiescoursen an de Lëtzebuerger Lycéeë kréien d'Schüler ekonomescht Allgemengwëssen iwwert de Wirtschaftskreeslaf an d'Wirtschaftsacteuren, wéi Entreprisen, Haushälter, Banken a Staat vermëttelt oder och, méi spezifesch, Mikro-Ekonomie iwwert d'Handele vun den eenzelen Acteuren am Wirtschaftskreeslaf, a Makro-Ekonomie iwwer global Themen, wéi d'Geldpolitik vun de Banques Centrales, d'Budgetspolitik vun der Regierung oder nach den Handel tëscht de Länner.

Carte Blanche vum Marc Muller (22.11.19)

All ze dacks ass et awer eng reng inhaltlech Vermëttlung vun ekonomeschen Theorien an hiren Auteuren, wéi dem John Maynard Keynes, deen dacks als "Retter vum Kapitalismus" duergestallt gëtt, oder dem Adam Smith senger "invisible hand" aus dem Joer 1776.

Seele baséiert de Cours op enger konkreter oder aktueller Problematik, wéi zu, Beispill dem Logementsproblem, dem Handelskrich, deen d'USA mat der EU a China féieren, oder och der privater Finanzplanung. A vill ze seele gi Schüler zu enger kritescher Interpretatioun a reflexiver Uwendung vum ekonomesche Wëssen un eben esou aktuell Froen a Problemer animéiert.

Méiglech Usätz fir eng Neiausriichtung vum Ekonomie-Unterrecht an eise Lycéeë kéinten deemno sinn:

Éischtens: Weiderhin eng zolidd Vermëttlung vun ekonomeschen Theorien a Basiswëssen, awer mat enger reflexiver Uwendung u konkret Froestellungen aus der Aktualitéit. Egal, ob als ekonomescht Allgemengwëssen fir d'deeglecht Liewen oder als spezifescht Fachwësse fir e gudden Astig op en Ekonomie-Studium op der Uni. Dat Ganzt mat enger themen- a fächeriwwergräifender Approche a variabelen didakteschen Methoden, déi Zukunftskompetenzen, wéi kritescht Denken, Kommunikatioun, Kollaboratioun a Kreativitéit fërderen, an och modern Wëssensupporten, wéi den "i-Pad", punktuell a sënnvoll integréieren.

Zweetens: D'Bandbreet an d'Gewiichtung vun ekonomeschem Fachwëssen an Aktualitéitstheme sollte flexibel ugepasst kënne ginn: aktuell zum Beispill e bëssen „destruction créative" vum Joseph Schumpeter an „Education financière" a méi Wëssen iwwert déi wirtschaftlech Zukunftssecteuren zu Lëtzebuerg an den "esprit d'entreprendre". D'Beschäftege mat Konzepter wéi « circular economy » a nohaltegem Wuesstem an d'Sensibiliséierung fir Aarmut an Ongläichheet géifen et deene Jonken och erlaben, d'Wirtschafts, d'Steier- an d'Sozialpolitik vun de politesche Parteien ze verfollegen an ze verstoen!

Drëttens an ofschléissend: Logescherweis misst och d'Wëssenspréifung deementspriechend ugepasst ginn: Manner puert Reproduzéiere vun Theorien an duerfir méi Interpretatioun, Reflexioun an Uwendung vun ekonomeschem Wëssen, besonnesch op aktuell Themen!