D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, kommentéiert déi lescht Etüd vun der WHO iwwert d’Jugend, déi sech net genuch beweegt.

D’World Health Organisation huet eng nei, ganz erschreckend Studie publizéiert no 15 Joer Analysen an 146 Länner a bei 1,6 Millioune Schüler. D’Resultat ass dramatesch: weltwäit beweege sech déi Jugendlech net genuch.

Ee vun de Grënn ass déi elektronesch Revolutioun, déi d’Verhale vun de Jugendlecher geännert huet. D’Bildschiermer drécke si dozou, vill manner aktiv ze sinn. An der Moyenne si se iwwer 4 Stonne pro Dag mat hirem portabelen Telefon beschäftegt.

AUDIO: Carte Blanche vum Anne Goerens (25.11.19)

En aneren Grond ass déi steigend Onsécherheet, duerch déi eis Jugendlech manner ze Fouss oder mam Vëlo ënnerwee sinn. Esou och zu Lëtzebuerg, wei déi rezent Petitioun mam Titel „Aggressions et vols“ et beweist. D’Lescht Woch ass dës Petitioun publizéiert ginn a verlaangt en Debat iwwert méi eng grouss Sécherheet mat enger verstäerkter Policepresenz, besserer Beliichtung a méi effikasse Repressiounen.

E weidere Grond ass dat grousst Verlaangen un déi Jugendlech méi performant ze sinn a méi ze leieren. Dat bréngt natierlech e méi sedentairt Verhale mat sech. D’Studie schléit dem Léierpersonal vir, déi dagdeeglech Beweegung vun de Schüler op eng spilleresch Aart a Weis ze fërderen.

Dobäi kënnt, dat weltwäit d’Meedercher an der Etüd och manner gutt ewechkommen ewéi d’Jongen. Bei de Meedercher beweege sech 85% net genuch a bei de Jonge sinn et 78%. Eng Schlussfolgerung ass, dat d’Meedercher haaptsächlech aus kulturelle Grënn sportlech manner gefuerdert ginn. Ausserdeem huet déi massiv Promotioun vun Sport a vun de Sportsevenementer virun allem d‘Jongen interesséiert.

Interessant ass och, dat keen Zesummenhang konnt festgestallt ginn, tëscht Wuelstand an "net genuch Sport bedreiwen". De Prozentsaz vu Jugendlechen, déi sech net genuch beweegen, ass an allen befrote Länner ze héich.

D’OMS réit dem Jugendlechen, sech mindestens 60 Minutten pro Dag sportlech ze beweegen.

Hei zu Lëtzebuerg huelen de Gesondheets- a Sportsministère dëse Sujet och ganz seriö, wéi de Plan d’action national «Gesond iessen, méi beweegen» et beweist.

Mä wéi kann een déi Jugendlech beweegen, méi Sport ze maachen, wann eis Generatioun se net doranner ënnerstëtzt a mir selwer och vill ze vill sedentaire sinn?

Well loosse mer zum Schluss drun erënneren, datt genuch Beweegung villes mat sech bréngt, wei zum Beispill: manner Stress, bessere Schlof, méi Energie, gréissert Selbstvertrauen a virun allem en allgemeng bessere Gesondheetszoustand.