Virun kuerzem huet d’Commission Consultative des Droit de l’Homme hiren 2. Rapport iwwert de Mënschenhandel zu Lëtzebuerg eraus ginn. Do steet datt et besonnesch am Aarbechtssecteur déi meescht Affer vu Mënschenhandel gëtt. D’ITM huet awer a senge Berichter vun 2017 an 2018 keen eenzegt Affer vu Mënschenhandel uginn. Do kann een sech nëmmen wonneren.

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Et ass erstaunlech, datt mat 6.000 Kontrollen, déi d’ITM am Joer 2017 an 2018 duerchgefouert huet, keen eenzege Fall vu Mënschenhandel identifizéiert gouf. Sécher feelen hinnen d’Moyenen an et ass och net ëmmer einfach dës Kontrollen an der esou genannter groer Zon vum Aarbechtsmaart ze maachen. Mee et ass gewosst, datt verschidden Aarbechtsberäicher besonnesch ufälleg si fir de Mënschenhandel, gemengt ass de Secteur vum Bau oder dee vun der Restauratioun an der Hotellerie. Do misst een, wéi de Rapport vun der Commission Consultative des Droit de l’Homme ënnersträicht, méi proaktiv Kontrolle maachen.

D’Aarbechtskräften am Mënschenhandel ginn op Lëtzebuerg mat falsche Versprieche gelackelt:  Via Internet oder speziell Recrutementsfirmaen. Et gëtt hinnen e gudde Salaire, eng Openthalts-Geneemegung an interessant Aarbechtskonditioune versprach. Wa se da bei eis ukommen, schaffe se a mënschenonwierdegen Zoustänn, fir en Hongerloun, dee wäit ënnert dem Mindestloun läit, se wunnen dacks op der Aarbechtsplaz an desaströse Verhältnisser an heiansdo zéckt de Patron net, hinnen hir Identitéitspabeieren ewech ze huelen, fir se nach méi ofhängeg vun him ze maachen.

Viru kuerzem hu portugisesch Medien zu Lëtzebuerg e Fall vu Mënschenhandel an engem Hotel zu Veianen opgedeckt. Do hu portugisesch a brasilianesch Aarbechter 70 Stonnen an der Woch misse schaffen an dobäi en Hongerloun verdéngt. Sie goufe beim Patron an engem Schloff ënnert dem Daach - tëscht Këschten an Dreck - logéiert. Dës Liewensbedingungen hunn dës Mënsche psychesch a physesch staark matgeholl, a well se dunn och nach gemierkt hunn, datt de Patron se net bei der Krankekeess ugemellt hat, hu si versicht sech ze wieren. Elo leeft eng Enquête bei der Police an der ITM. Well awer ee vun dësen Aarbechter Brasilianer ass, gouf deen an de Centre de Retention gestach, well e keng gülteg Openthaltspabeiere fir Lëtzebuerg huet. Hie waart elo op seng Ausweisung.  Ass do dee richtege bestrooft ginn, wat mengt dir?