De Kleesche steet virun der Dier, d'Kanner ginn net an d'Schoul, awer net all Kand kann doheem spillen. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche - Jean-Luc Thill

Iwwermuer ass et nees sou wäit, da kënnt en: rieds geet vum hellege Mann, deen zu Lëtzebuerg guer keen Hellegen ass. Fir d'Primärschoul heescht dat: keng Schoul! Annoncéiert gouf dat schonns virun iwwert enger Woch! D’Gemengen an d’Schoulen uechtert d’Land hu matgedeelt: les classes chômeront le 6 décembre!.

E Franséisch, dat bal sou al ass, déi wéi den Zinniklos selwer: d'Verb „Chômer“ – jiddefalls an der Bedeitung, déi hei gemengt ass – geet zréck op d'12. Joerhonnert – net ze verwiessele mat der Bedeitung déi d'Substantiv „Chômeur“ zënter 1876 bis haut huet.

Ob elo d'Primärschoul mam 1. bis 6. Schouljoer oder déi zyklesch organiséiert École fondamentale: de Kleeschen iwwerlieft se all – Reform hin oder hier!

Ech ginn zou -  ech selwer hunn och eng flott Kandheetserënnerung un de 6. Dezember. Deen Dag, wou mer all doheem souzen a gespillt hunn, bis den éischte Sträit ausgebrach ass; meeschtens ëm fundamental Wäerter wéi “dat ass mäint“ oder „hien oder hatt huet et futtigemaach!“. Dat hunn dunn d'Eltere gereegelt – meeschtens d'Mamm – well dat war och déi Zäit, wou et Usus war, datt een Elterendeel de Stot gemaach huet – also ëmmer doheem war.

Hautdesdaags ass et Usus, datt déi zwee Eltere schaffe ginn, och fir sech dat Liewen zu Lëtzebuerg nach leeschten ze kënnen, wat eis Politiker zënter 30 am Numm vum Bierger fir de Bierger organiséieren. Dozou komme weider "Cas de figures", déi fréier net sou heefeg waren: d’Famille monoparentale a recomposée.

Dofir koum mam Bréifdréier nach e weidere Courrier an d’Haus. Nieft der Info, datt d'Schoul ausfält, war et elo d’Info, datt d'Maison Relais de ganzen Dag op huet. Fir déi Kanner opzefänken, wou doheem kee sech Congé hëlt oder kann huelen – egal wéi d'Familljesituatioun ausgesäit. Sou gëtt de 6. Dezember ëmmer méi zu engem Dag fir déi Kanner, wou d'Eltere besser do stinn, also just de Géigendeel vun deem, firwat den Zinniklos eigentlech veréiert gouf a bis haut gefeiert gëtt.

Wann dës Legend dësem Land also wichteg genuch ass, datt d'Grondschoul deen Dag fräi huet, da wier et sécherlech och am Kleesche sengem Sënn, fir aus dësem Dag e richtege Familljendag ze maachen, andeems op d'mannst een Elterendeel vun der Aarbecht fräigestallt wier. Oder nach besser am Sënn vun der Petitioun no 1421 – e richtege Feierdag draus ze maachen.

Den Teller kënne mer jo mol stellen, awer an Zäiten, wou de Sozialdialog éischter ee vum Ofbau ass, dierft dëse wuel eidel bleiwen.