D'nächst Woch kritt de Peter Handke zu Stockholm de Literaturnobelpräis iwwerreecht. Vill Leit fannen dat literaresch richteg, awer moralesch falsch. Mä d'Konscht hëlt et mat der Moral, wéi den Däiwel mam Wäiwaasser: dat eent ass deem anere säin Doud.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Rauchs (9.12.19)

Den Handke kritt reprochéiert, déi serbesch Krichsverbriecher verdeedegt ze hunn. Et muss een awer wëssen, dass den éisträichesche Schrëftsteller aus enger slowenescher Famill staamt a sech am Fong als Slowen fillt. An esou si seng onglécklech Aussoen iwwer de Milosevic a seng Mordgesellen och e romantescht Verlaangeren nom Tito sengem Jugoslawien.

Den Handke gëllt nämlech als de leschte Romantiker an hien trauert haut dem Ex-Reich vun alle Slawen no wéi fréier d'Romantiker dem Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun. Mir wëssen awer, dass den Dram vun dësem mëttelalterlechen 1. Räich onweigerlech an den Albdram vum nazisteschen 3. Reich gefouert huet. Mä wann d'Geschicht tuddelt, da léiert d'Literatur eis schwätzen. An den Handke justement ass keen Heimattümmler, méi en Heimatkritiker, awer dofir nach laang kee Naschtbeschmotzer. Hien ass an eng sëllege Sproochen iwwersat an huet selwer vill friem Bicher op Däitsch iwwersat, wuertwiertlech also gedeutet.

E wunnt zu Chaville, an der Banlieue vu Paräis, net wäit ewech vu Meudon, wou de Céline gelieft huet, och en immense Schrëftsteller, mä contrairement zum Handke, en onverbesserlechen Nazi an Antisemitt.

Den Handke ass e Weltbierger, deen haut d'Paräisser Faubourgen beschreift wéi gëschter den Eichendorff den däitsche Bësch. An engem vu senge schéinste Romaner nennt hie seng nei Heemecht, déi eigentlech keng ass, d'Niemandsbucht. Bucht, dat reimt mat Geburt an hiert rouegt Waasser erënnert un d'Fruchtwaasser, wat, fräi nom Sigmund Freud, eis éischt an eenzeg Heemecht war. Eng nei Heemecht ass ëmmer eng Fiktioun. An dofir solle mir se de Schrëftsteller iwwerloossen.

Eng Niemandsbucht als Heemecht, wéi den Numm et seet, gehéiert kengem, an dofir jidderengem. Den Odyssee, deen 10 Joer laang seng Heemecht Ithaka gesicht huet, huet sech och Niemand genannt. Dat huet him op senger Flucht virum Zyklop d'Liewe gerett.

Fazit vun där ganzer Polemik: dem Handke säi paradoxt Wierk a Wierken ass eng nostalgesch Medezin géint den Heemwéi, mä och géint Rassismus a géint Nationalismus.