Dat proposéiert de fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels.

D'Carte blanche vum Robert Goebbels

D’Regierung huet en "nationalen Energie- an Klimaplang" ausgeschafft. D’Häerzstéck dovun ass eng CO2-Steier, déi ab 2021 pro emittéiert Tonn Kuelendioxid op alle fossille Brennstoffer soll erhuewe ginn. Et fänkt u mat 20 € pro Tonn, fir sech op 25 an dann 30 € ze steigeren.

Am Kloertext heescht dat, dass d’Heize mat Masutt oder Äerdgas méi deier gëtt a besonnesch  d’Automobiliste bludde sollen.

De Bilan vum Transportsecteur zu Lëtzebuerg ass schlecht. Virun allem well duerch den Tank-Tourismus iwwert d’Hallschent vum Sprit nees exportéiert gëtt. Ma de Rapport vum Professer Ewringmann iwwer de Lëtzebuerger Pëtrolsmarché beleet, dass eng Verdeierung vu Bensin an Diesel net dozou féiert, dass vill CO2 verhënnert gëtt.

Ech zitéieren: "Die im Ausland anfallenden Kosten des Luxemburger Treibstoffverkaufs entstehen zwar durch Autofahrer, die in Luxemburg tanken. Sie würden aber zu einem großen Teil auch dann entstehen, wenn (das Tanken...) durch extrem hohe Steuersätze für Ausländer (wie für Inländer) unattraktiv würde. Nach allen Erfahrungen würde ein großer Teil der Treibstoffe (...) auch unter solch veränderten Bedingungen gekauft werden, dann allerdings außerhalb von Luxemburg".

Domat däerf hannerfrot ginn, op déi proposéiert Mesure géint den Tanktourismus dem Welt-Klima iergendeppes notzen?

D’Regierung argumentéiert, déi nei Steier soll d’Mëttele verschafen, fir géint de Klimawandel virzegoen. A si versprécht, een Deel vun de Mëttelen "sozial gerecht" anzesetzen.

Leider gëtt et dozou nach keng konkret Virschléi.

Wéi wär et, wann als sozial gerechten Ausgläich z.B. d'Hallschent vun der neier Steier zur Finanzéierung vu bessere Mindestrenten agesat géif ginn?

Ewéi déi därzäiteg Streidereien a Frankräich beleeën, sinn anstänneg Renten a Pensiounen net eleng méi ze finanzéieren duerch d’Repartitioun vun de Kotisatioune vum Salariat a Patronat op der Lounmass.

Firwat net de Konsum vun ëmweltschiedleche Produkter als nei Ressourcë fir d’Sécurité sociale notzen?

Wann de Lenkungseffekt vun enger CO2-Steier erfollegräich wär, géif dës nei Ressource zwar tendenziell falen. Sie wär awer Sauerstoff fir onse Rentesystem.