Vun enger Promotioun zu der anerer, wat huet den Ugangspräis nach mat der Valeur vun engem Produkt ze dinn huet? Gëtt eist Liewe sou zu enger permanenter Juegd no gudden Affären?

Carte Blanche vum Christiane Bram

Knapps ass d’Joer un a schonn si mer mëtten am groussen Ausverkaf. Nom Black Friday, dee sech mëttlerweil wäit iwwer eng Woch zitt, koumen d’Promotioune fir d’Feierdeeg vun Enn des Joers, an den Dag duerno si mir mëtten an de Wantersolden, och wa se net méi Solden heeschen, fir datt se méi laang dauere kënnen.

Vu lauter gudden Affäre riets a lénks, Jubiläen, saisonalen Ausverkeef, an aneren aussergewéinleche Geleeënheeten, kann ee sech also guer net méi selwer derfir retten, all Minutt e gutt Geschäft ze maachen.

Engersäits muss ee sech dobäi iergendwann d’Fro stellen, wat e Präis iwwerhaapt nach mam Wäert vun enger «Saach» ze dinn huet, vu datt ee jo andauernd alles zu engem anere Präis ugebuede kritt. Duerch dat permanent Bradéieren ass e Präis keng Referenz méi fir de reelle Wäert vun engem Produkt.

Derbäi kënnt de kënschtleche Präis vu Markeprodukter, an datt d’Salairen - déi jo eigentlech den Entgelt fir eng  Leeschtung sinn déi ee bréngt - och grouss Diskrepanzen opweisen, déi näischt méi mat der wierklecher Leeschtung, Formatioun an Erfarung ze dinn hunn.

U sech waren d’Suen als Géigeleeschtung geduecht, fir de Wäert vun der Aarbecht déi hannert der Produktioun vun engem « Gutt » stoung. An eiser Gesellschaft schéngt dëse Basis-Aspekt vum Geld komplett verluer gaangen ze sinn.
Et ass nach just e Status-Symbol, wou et drëm geet, ze weise wat ee sech alles leeschte kann, dat ee selwer näischt méi brauch ze «maachen», well ee sech jo all Service ka kafen.

Mir ginn also ëmmer méi schaffen, fir ëmmer méi Suen ze verdéngen, an sou ëmmer méi kënnen auszeginn. Zäit gëtt géint Geld agetosch. Doduerch trieden eng Rei Gesellschaftskrankheeten op, fir déi dann nees deier bezuelt gëtt, fir se soi-disant ze heelen, an sou dréit d’Rad virun.

Anersäits kënnt een net laanscht de Gedanken, datt de Sënn vun eisem Liewen op eng permanent Juegd no gudden Affären reduzéiert ass. All Aarbecht a Matière huet säi Präis, dee soll ganz einfach berechtegt sinn, an de Verbraucher muss Vertrauen an dëse Präis hunn a bereet sinn dësen ze bezuelen.

Geld huet mëttlerweil méi e grousse Stellewäert wéi déi reell Bestanddeeler vun eisem Liewen - Gesondheet, Ernierung, kierperlech Betätegung, asw. Och d’Engagement fir d’Gesellschaft, a sech Zäit huelen, fir an dësem Moment ze liewen, sinn Elementer, déi eréischt un zweeter oder drëtter Stell kommen.

Dobäi sinn d’Suen jo just e Mëttel zum Zweck, an net den Zweck selwer...