
De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwer Konsum an Aarmut.
Zu Lëtzebuerg – besonnesch ronderëm d’Stad – feelt et sécher net u groussen Akafszentren. No der Vergréisserung vun der “Belle Etoile” an dem “Lifestyle Center - City Concorde” gëtt et elo och nach de “Cloche d'Or Shopping Center”, donieft ass viru kuerzem de “Royal Hamilius” opgaangen an elo hu mer och nach “Infinity Shopping” um Kierchbierg.
Dausende vu Quadratmeter un neie Shoppingméiglechkeeten. Et mengt ee bal zu Lëtzebuerg géif et soss näischt ze dinn. Virun allem tëscht “Black Friday” a Chrëschtdag. Donieft ginn awer di kleng Geschäfter an deenen eenzele Quartieren oft duerch Immobilièren ersat, déi just e puer Annoncen mat ëmmer méi héije Präisser an d’Fënster hänken. Wat eng Konsumgesellschaft mat de Mënsche mécht, huet de Boris Vian schonn an de 50er Jore besongen, de Georges Perec, 1965, a sengem Roman „Les Choses“ beschriwwen an de Soziolog Jean Baudrillard, 1970, a sengem Buch „Société de consommation“ analyséiert. Och de Zygmunt Bauman ënnersträicht, wéi de Konsumismus mat senge Maartgesetzer all Liewensberäicher duerchdréngt an déi sozial Bezéiunge verännert. Eng kulturell an emotional Veraarmung ass d’Resultat. An déi ekologesch Konsequenze vun eisem iwwerméissege Konsum missten haut eigentlech och jidderengem bewosst sinn. Awer och déi sozial Externalitéite vun eisem Wirtschaftsmodell sinn net ze ënnerschätzen.
„Morgen, Kinder, wird’s nichts geben! Nur wer hat, kriegt noch geschenkt“ heescht et an engem satiresche Chrëschtdagsgedicht vum Erich Kästner. Déi eng ginn dauernd shoppen, awer fir ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg gëtt d‘Aarmut zu enger batterer Realitéit. Aarmut zu Lëtzebuerg war Enn November esouguer en Thema fir den däitsch-franséischen Televisiounssender Arte. Ënnert dem Titel «Luxembourg: les pauvres, un problème de riches?» gouf ënnerstrach, dass den Aarmutsrisiko hei am Land iwwerduerchschnëttlech grouss ass an ëmmer weider wiisst - dat virun allem fir Elengerzéiender, Deelzäitbeschäftegter, Migranten a jonk Leit. Ronn 60.000 Mënschen wieren vum Aarmutsrisiko betraff. De Statec hat schonn a sengem Rapport „Travail et cohésion sociale“ am Oktober ënnerstrach, dass den „Taux de pauvreté“ iwwert der europäescher Moyenne géif leien. D’Chambre des salariés liwwert weider Zuelen, virun allem wat déi sougenannte „working poor“ betrëfft. De Logement frësst d’Revenuen op an et bleift net méi vill fir ze liewen.
Um Terrain ginn dës Zuele bestätegt: Offices sociaux, Caritas, Wanteraktioun an d’Stëmm vun der Strooss soen, dass ëmmer méi verschidde Leit op hir Zerwisser zréckgräifen. Esou sinn d’Iessen an de Restaurante vun der Stëmm, zanter 2015, em 39% eropgaangen. Iwwregens brauch d’Stëmm vun der Strooss eng nei Spullmaschinn, dat wier dach emol e nëtzleche Kaddo…
D’Stëmm freet sech iwwert all Spenden, natierlech och nach no Chrëschtdag. Awer Spenden eleng léisen net de substanzielle Problem. Jiddereen huet eng Verantwortung fir d’Manéier, wéi e seng Suen ausgëtt. Mir hunn eng kollektiv Verantwortung fir eis Gesellschaft. Virun allem d’Politik muss déi rezent Zuelen eescht huelen an sech dem Aarmutsrisiko (a sengen Ursaachen) zu Lëtzebuerg unhuelen - wa mer, och nach am nächste Joerzéngt, en oppent a soziaalt Land wëlle bleiwen.