2020 feiert d’Bistum Lëtzebuerg 150 Joer. Zu deem Jubiläum eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Komesch ass et jo schonn, dass et de Katholizismus an eise Géigenden zënter dem 3. Joerhonnert gëtt, eng eege Lëtzebuerger Kierchestruktur awer eréischt zënter 1870. D’Nopeschbistumen, besonnesch Tréier a Léck, déi laang Zäit d’Kierch hei am Land dirigéiert hunn, awer och déi inlännesch Abteie wéi Iechternach oder Neimënster an der Stad hunn dat verhënnert. Eréischt am 19. Joerhonnert erreecht d’Kierch hei bei äis, parallel zur staatlecher Eegestännegkeet, hir Autonomie.

AUDIO: Carte Blanche vum Georges Hellinghausen (20.12.19)

Laang Zäit ware Kierch a Gesellschaft quasi deckungsgläich, vun der Bevëlkerung hir an och weltuschaulech. Dat huet sech ënner anerem a chrëschtlechen Institutioune festgemaach, wéi kathoulesche Veräiner, Press a Partei – Eckfeiler vum kathoulesche Lëtzebuerg, dat et haut net méi gëtt. D’19. Joerhonnert war dat vun der Verchrëschtlechung, dat 20. dat vun der Entchrëschtlechung. Déi huet ëm 1900 lues agesat a sech du beschleunegt, bis zur Trennung vu Staat a Kierch am 21. Joerhonnert.

Haut lieft d’Kierch an engem total neie Paradigma, mat neie Strukturen, a säkularem Ëmfeld, eleng op sech gestallt, mat manner Leit a wéineger Support vun ëffentlecher Hand. Anescht wéi gëscht – mä haut ass haut.

Gefeiert gëtt den 150. Gebuertsdag vun der Diözes duerch e ganze Festprogramm, dee sech iwwert d’Joer 2020 hinzitt, mat ëm déi 40 Projeten: Gottesdéngschter, Konferenzen, Publikatiounen, Visite-guidéeën, Formation continue, spirituellen an aneren Aktivitéiten a Poren a Kléischter, Pilgerreesen an zwee Sozialprojeten, ee fir Flüchtlingen an ee fir Mënsche mat Behënnerung, déi een Ënnerdaach brauchen.

Villes huet sech zënter 1870 geännert. Mä ee roude Fuedem bleift, iwwert all gesellschaftlech a kierchlech Mutatiounen ewech: D’Lëtzebuerger Kierch huet sech ni isoléiert, mä ëmmer matzen an d’Landesgeschéien abruecht, emol harmonesch, emol streidereg – awer ni indifferent an ëmmer solidaresch. Esou soll et och bleiwen.

Georges Hellinghausen