2019 hu mer ënnert anerem un d’Aféierung vum allgemenge Walrecht hei zu Lëtzebuerg an un d’Schafung vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (IAO) virun 100 Joer erënnert.

Carte Blanche vum Robert Weber

Awer wat ass eigentlech DËS IAO/OIT/ILO (International Aarbecht Organisatioun/ Organisation Internationale du Travail/ International Labour Organization)? Dës international Organisatioun gouf den 11. Abrëll 1919 am Kader vun der Friddenskonferenz vu Versailles nom Éischte Weltkrich an d'Liewe geruff. D'Verfassung vun der IAO ass e Bestanddeel vum Versailler-Vertrag. Déi éischt Zeile vun dëser Verfassung soen, datt de Weltfridden op Dauer nëmmen op der sozialer Gerechtegkeet kann opgebaut ginn.

Zanter 1946 ass hire Sëtz zu Genf an der Schwäiz an d'IAO ass eng Sonderkommissioun vun der UNO. Si huet haut 187 Member-Länner. Lëtzebuerg ass zanter 1920 Member vun der IAO. D'Vollversammlung vun der IAO ass tripartite-méisseg besat - also Regierungen, Patronen a Gewerkschaften. Si verhandelen all Joers ëm Konventiounen oder Recommandatiounen.

Déi jeeweileg Themae gi vum Sekretariat, also dem BIT, dem Bureau International du Travail, definéiert. Lëtzebuerg huet bis haut 101 Konventiounen an eng Rei méi technesch Konventioune ratifizéiert an an nationaalt Recht ëmgesat. Heizou gehéiere grondleeënd Gesetzer wéi Versammlungsrecht, gewerkschaftlech Fräiheeten, Kollektivverträg, Kanneraarbecht, Zwangsaarbecht, Aarbechtssécherheet, Aarbechtskontroll a vill anerer.

D' AO ass also fir Lëtzebuerg eng weltëmfaassend Aarbechtsorganisatioun, déi wesentlech zur Demokratiséierung vun eiser Gesellschaft bäigedroen huet. Si erlaabt eis haut zu méi Demokratiséierung an anere Länner, eben duerch Verhandlungen.

Dëst Joer feiere mer weider 100-järeg Bausteng vun eiser Gesellschaft. Den LCGB gouf offiziell den 23. Januar 1921 gegrënnt. Awer déi éischt Aktivitéiten heifir goufen elo virun 100 Joer gestart. Am September 1920 ass déi Escher LCGB-Sektioun gegrënnt ginn. Vun November 1920 u gouf d'Zeitung vum LCGB de „Soziale Fortschrëtt" publizéiert. Duerno goufe weider lokal Sektiounen – wéi Déifferdeng an anerer - an d'Liewe geruff.

Un der Demokratiséierung vun eiser Gesellschaft, awer och vu villen anere Länner, muss kontinuéierlech weidergebaut ginn!

---------------
De Robert Weber war Nationalpresident vum LCGB an Deputéierten.