De Francis Schartz wënscht eis a besonnesch eisen Enkelkanner ee Joer 2020, an deem d’nohalteg Entwécklung eescht geholl gëtt. Hie wënscht eis Politiker, déi wësse wat si wëllen an déi de Courage hunn, déi noutwendeg Gesetzer ze maachen, och wa se riskéieren net esou populär ze sinn. Francis Schartz, pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.

Carte Blanche vum Francis Schartz

Léif Nolauschterer,
Ech wënschen eis all a besonnesch eisen Enkelkanner ee Joer 2020 an deem d’nohalteg Entwécklung eescht geholl gëtt. Eescht geholl vun der Weltpolitik, vun der Europäescher Unioun, vun der Lëtzebuerger Regierung an eiser Chamber, vun de Gemengen, vun der Industrie, vun der Geschäftswelt, vum Handwierk, vun de Baueren, vun de Schoulen, vun de Veräiner a vu jiddwer Eenzelen vun eis.

Ech ginn lo net drop an, wat op deenen eenzelen Niveaue soll a muss gemaach ginn. D'Objektiver sinn definéiert.

Am Koalitiounsofkommes stinn vill gutt Saachen am Beräich Nohaltegkeet, Ëmweltschutz a Klimaschutz. Fir dat ëmzesetzen, hu mir zum Beispill een nationale Plang fir nohalteg Entwécklung an een nationalen, integréierte Klima- an Energieplang, an deenen net nëmmen Ziler definéiert, mä och Weeër an Aktiounen opgelëscht sinn, déi ee misst goen, fir dës Ziler z' erreechen. “Misst”. An deem Conditionnel läit d’Kromm an der Heck.

Et ass sécher luewenswäert, wann eise Premier am Neijoerschinterview seet, datt d’nohalteg Entwécklung een Uleies vun der ganzer Regierung ass, an datt hie wëllt d’Bierger all mat op dee Wee huelen.

Viraussetzung dozou sinn eng objektiv an transparent Informatiounspolitik vun der Regierung an duerch Bildung a Weiderbildung gutt informéiert an engagéiert Bierger. A Biergerforumen a Workshoppen kënne mer eis dann all un der Gestaltung vun der Zukunft bedeelegen.

Mä muss net awer d’Politik mol selwer eng Visioun vun der Entwécklung vun eisem Land hunn? Et gëtt sech nach ëmmer virdru gedréckt, fir eng éierlech, wëssenschaftlech fundéiert Debatt iwwert de Wuesstem vun eisem Land ze féieren, fräi vun all Polemik an egoisteschen Interessen.

Wa mir mol wéissten, wat mer wëllen, wier et och méiglech besser Gesetzer ze stëmmen. Da kréiche mer vläicht ee Klimaschutzgesetz, dat wäit iwwert deen Entworf erausgeet, deen elo verläit.

Nëmme Pläng ausschaffen, nei Gremie grënnen an d’Leit wëlle mat op de Wee huelen, geet nämlech net duer.

Ouni effikass Gesetzer a Reglementer, souwuel op europäeschem, wéi och op nationalem Plang, erreeche mer eis Ziler a punkto Nohaltegkeet a Klimaschutz net. Dofir wëschen ech eis fir 2020 an doriwwer raus Politiker, déi wësse wat si wëllen an déi de Courage hunn, déi noutwendeg Gesetzer ze maachen, och wa si riskéieren net esou populär ze sinn.