Zanter dem Joer 2000 huet d’Chamber probéiert, ons Verfassung neizeschreiwen. 2019, bal 20 Joer dono, gouf festgestallt, dass dat nach ëmmer net méiglech ass.

Carte Blanche vum Ben Fayot

Wann et drëm geet, d’politescht Zesummeliewen zu Lëtzebuerg ze moderniséieren, hëlt onst Land sech zanter jeehier ganz vill Zäit. Déi haiteg Lëtzebuerger Verfassung staamt aus dem Joer 1868 a geet esouguer zeréck op 1848. Natierlech gouf oft un dem Text gefléckt.

50 Joer no 1868, also 1919, gouf d’allgemengt Walrecht agefouert.

60 Joer méi spéit, ufanks den 1980er Joren, hunn Experte Virschléi fir eng nei Verfassung gemaach. Ouni Resultat.

Nach 20 Joer dono, zanter dem Joer 2000, gëtt probéiert, en neien, koherenten Text festzeleeën.

2019, also erëm 20 Joer dono, war en neie Verfassungstext prett, fir gestëmmt ze ginn.

Dunn huet eng grouss staatserhaltend Partei ugekënnegt, si kéint deen nach net matdroen, obschonn ee vun hire grousse Verfassungsspezialisten e geschriwwen a joerzéngtelaang verdeedegt hat.

Et wonnert een, dass sech an de leschte Joerzéngten esou villes zu Lëtzebuerg geännert huet, d’Politik awer net matzéie wëllt.

D’Awunnerzuel huet sech verdräifacht. De Staatsapparat ass reegelrecht explodéiert, mä d’Parlament, dat e kontrolléiere soll, ass ëmmer nach schwaach. D’Liewensbedingunge sinn haut iwwert d‘Land déi selwecht, wärend se 1919 je no der Géigend ganz ënnerschiddlech waren. D’Tatsaach, dass dat Land nëmme vun enger Halschecht vun den Awunner regéiert gëtt, ass ongesond fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft an zudéifst ondemokratesch.

Dofir huet de Staatsminister ufanks 2019 d’Parteien opgefuerdert, him hir Iddien iwwer Froen wéi de Cumul vun den Ämter, d'Walbezierker an d’Walrecht matzedeelen.

Och déi Froe si joerzéngtelaang am Gespréich.

Schonn oft hu munch Parteiprogrammer verlaangt, de Cumul vu Buergermeeschter an Deputéiert ofzeschafen. Näischt huet sech beweegt.

Mir ass et dofir schleierhaft, wéi et weidergoe soll mat der Moderniséierung vun der Verfassung.

Wann een zynesch wëll sinn, kéint ee soen, dass dat da wuel d’Aarbecht vun den nächsten 20 Joer wäert sinn.

Mä och 2048 wär da wuel e gudde Schlussdatum, 200 Joer no 1848, dem Joer, an dem d’Demokratie fir d'Éischt e grousst Thema zu Lëtzebuerg an an Europa war!