Wann ee kuckt, wat aus dem Regierungsprogramm schonn erleedegt ass, a wat nach op eis duer kënnt, da gëtt et Zäit, datt eis Regierung aus hirem "Dornröschen-Schlof" erwächt, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Um Enn vun engem alen an um Ufank vun engem neie Joer ass et jo üblech, op der enger Säit e Réckbléck ze maachen op dat, wat geschitt ass, an anerersäits en Ausbléck op dat ze woen, wat kënnt oder dann awer komme misst. Dobäi leie mir natierlech virun allem déi Uleies um Häerz, déi dat Soziaalt betreffen.

Nodeems de Mindestloun an de Revis erhéicht goufen a mer jee en neie Feierdag an en neie Congésdag kruten, huet sech awer d'lescht Joer op sozialem Plang net méi vill gedoen.

AUDIO: Carte Blanche vum Robert Urbé (9.1.2020)

An et ass och nach net vill fir déi nächst Méint en vue. Et schéngt, wéi wann d'Regierung lo duerch deen nächste grousse Worf, d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, paralyséiert wier. Oder ass et duerch Regierungsëmbildungen?

Fir 2021 bis 2023, do héiere mer verschidden Ukënnegungen: Steierreform, Ëmsetzung vum nationalen Energie- a Klimaplang, Upassung vum Kannergeld un d'Loun, respektiv d'Präisentwécklung etc. Wéinst der Kannergeld-Upassung muss een awer och net bis 2023 waarden, et weess ee jo schonn zanter mindestens 2015, datt do muss eppes geschéien. An am Regierungsprogramm stoung, datt et dozou sollt eng Etüd ginn. Ass déi da scho wéinstens an Optrag ginn? Et ass dach awer erstaunlech, datt mer dozou nach keng Ukënnegung kruten. Wier et dann net esou lues Zäit dofir? Herno heescht et rëm, elo ass keng Zäit méi derfir do...

Mä et gëtt jo nach aner Punkten, déi opstinn, wéi zum Beispill d'Allocation de vie chère. Do steet am Regierungsprogramm, si géif komplett reforméiert ginn. Trotzdeem ass se den 8. November nach eng Kéier onverännert fir 2020 verlängert ginn, sou wéi zanter 2009. Zanter 2009 sinn d'Beträg onverännert! Do hätt ee jo awer lo scho kënnen eppes maachen oder muss een do och bis zum Enn vun der Legislaturperiod waarden?

Vum neie Wunnengsminister hu mer wéinstens schonn héieren, datt en d'Problematik richteg erkannt huet, an datt esouwuel beim Pacte logement wéi beim 79er Gesetz iwwert d'finanziell Hëllefen u Reforme geschafft gëtt. Et läit och eng kloer Ausso um Dësch, datt déi ëffentlech Acteure solle verstäerkt an de soziale Wunnengsbau fir ze verlounen investéieren. An zanter dem 6. November läit dat Gesetz iwwert deen neie Spezialfong fir d'Entwécklung vum Logement an der Chamber. De Conseil d'État huet den Dezember säin Avis ofginn an elo ass et un der Chamberkommissioun, déi den 23. Januar eng éischte Kéier zesumme kënnt. Do si mer gespaant, wéi dat viru geet.

Fazit: si beweegt sech also dach, eis Regierung, wann och lues. Loosse mer awer d'Hoffnung net opginn, datt d'Vitess an deenen nächste Wochen nach zouhëlt.