Zwou rezent Petitiounen hu sech fir méi eng grouss Roll fir d’englesch Sprooch zu Lëtzebuerg agesat. Mat hinne beschäftegt sech de Fernand Fehlen, Soziolog a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

En Donneschdeg ass d’Frist ofgelaf, fir d’Petitioun 1417 ze ënnerschreiwen, déi verlaangt, der "Englescher Sprooch ee formelle Status zu Lëtzebuerg ze ginn". Englesch soll als "langue administrative auxiliaire" eng méi grouss Roll bei Verwaltungs- a Geriichtsprozedure spillen. D’Petitioun huet nëmme ca. 360 Online-Ënnerschrëfte kritt.

Kuerz virdrun huet eng änlech, iewel méi radikal Petitioun gutt 1.407 Ënnerschrëfte kritt. Si wollt carrement d’Sproochegesetz vun 1984 änneren an Englesch zur véierter, gläichberechtegter Verwaltungssprooch maachen. Si hat héchstwarscheinlech méi Succès, well se vu wirtschaftleche Kreesser ënnerstëtzt ginn ass. Esou huet zum Beispill d’American Chamber of Commerce hir Memberen a Frënn opgeruff, d‘Petitioun ze ënnerschreiwen.

Englesch an us-amerikanesch Mammesproochler ginn et ganz wéineg zu Lëtzebuerg. Der Vollekszielung vun 2011 no waren dat nëmmen 2% vun den Awunner. 29% vun den Awunner iewel hu keng vun eisen dräi Landessproochen als hir Haaptsprooch uginn. An anere Länner, notamment a Kanada, ginn dës Leit Allophone genannt.

Wann ee sech d’Argumentatioun vun deenen zwou Petitioune méi genee ukuckt, da gesäit een, datt se eigentlech aus der Perspektiv vun dësen Allophone geschriwwe sinn an datt et hinnen eigentlech ëm eng Afrostellung vum Franséischen als Haaptverkéierssprooch zu Lëtzebuerg geet.

An Europa gëtt et haut en Trend zur Zweesproochegkeet. A praktesch alle Länner beherrschen ëmmer méi Leit Englesch als Lingua Franca, doniewent hu se och nach hir Lokal- oder Nationalsprooch, déi haaptsächlech wichteg fir de politeschen a gesellschaftlechen Zesummenhalt ass. Géint dësen Trend ass et ganz schwéier unzekommen. E Mëttwoch konnt een nach an enger Lëtzebuerger Dageszeitung liesen, datt d’Saarland am Gaang ass, seng sougenannt "Frankreichstrategie" opzeginn. Dat ass eng 2015 definéiert Politik, fir do d’Bildungswiesen an d’Verwaltung no Lëtzebuerger Modell däitsch-franséisch zweesproocheg auszeriichten.

Wéi geet et dann elo weider mat onser Dräisproochegkeet? Et ass net de Succès oder de Flopp vun dëser oder där Petitioun, deen dat entscheet, mee et ass den alldeegleche Sproochgebrauch.