Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vum éischte Fraestreik, deen de 7. Mäerz zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Fir d’éischt wëll ech iech e gutt, gesond, friddlecht, nohaltegt, gerecht a feministescht neit Joer wënschen. Ob et elo eng nei Dekade ass oder net, ännert näischt um Fait, dass mer déif a radikal Transformatiounen an eiser Gesellschaft an eisem wirtschaftlechen a politesche System brauchen an dass mer 2020 nei Schrëtt an déi Richtunge maache wäerten. En vun deene Schrëtt ass menger Meenung no den 1. Fraestreik zu Lëtzebuerg, deen de 7. Mäerz vun der JIF Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

De Fraestreik wëllt d’Care-Aarbecht méi visibel maachen, well se betrëfft all Mënsch! Care-Aarbecht heescht botzen, kachen, wäschen, strecken, akafen, fleegen, erzéien – alles wat dozou gehéiert, wann e sech ëm aner Mënsche suergt a këmmert. Care-Aarbecht ass an eisem gesellschaftleche System wirtschaftlech oninteressant, well se vu sech aus kee Gewënn produzéiert. Awer ouni Care-Aarbecht géif eis Gesellschaft net funktionéieren, tëschemënschlech Bezéiunge géife verkommen an de gesellschaftlechen Zesummenhalt wär um Enn. Dës Aarbechte ginn haaptsächlech vu Frae geleescht an a ville Käpp hält sech nach ëmmer d’Iwwerzeegung, dass Fraen dozou „genetesch bestëmmt“ wären. Och wann ech d’Chance hunn, en Partner ze hunn, mat deem ech mir des Care-Aarbecht egalitär deelen, ass dat net de Fall fir ganz vill Fraen am Land a soss op der Welt.

Mir Frae* streiken de 7. Mäerz, well

  • Care-Aarbecht eng kierperlech an emotional schwéier Aarbecht ass
  • Care-Aarbecht gréisstendeels vu Frae geleescht gëtt
  • Care-Aarbecht vill ze oft onsiichtbar ass
  • Care-Aarbecht net valoriséiert a respektéiert gëtt
  • Care-Aarbecht keng genetesch oder gebuere Kompetenz ass, mee geléiert gëtt

D’Care-Aarbecht ass ze vill laang onsiichtbar an net valoriséiert ginn, well en dervun ausgëtt, dass se natierlech ass oder onwichteg géintiwwer den Aarbechten an Aktivitéiten, déi d’Männer traditionell maachen. Wann ee sech d’Aarbechtzäitzuelen ukucken, ass et och kloer: 35% vun de Frae schaffen Deelzäit, géintiwwer 6% vun de Männer. 57% vun deene Fraen deklaréieren, dass se dat aus familiäre Grënn maachen.

An der neister Etüd vun Oxfam iwwert d’Ongläichheeten op der Welt, kënnt eraus, dass weltwäit Fraen a Meedercher all Dag méi wei 12 Milliarde Stonnen onbezuelt Care-Aarbecht leeschten. Géing een hinnen e Mindestloun fir dës Aarbecht bezuelen, wären et ëmgerechent iwwer 11 Billiounen (11.000.000.000.000) US-Dollar pro Joer. Dat ass méi wéi d’Verméige vun de Superräichen. Mee do, wou d’Verméige vun deenen Engen an d’Onmoossegt steigt, liewe Frae méi oft an Aarmut.

Aus all dëse Grënn ass et wichteg, de 7. Mäerz ze streiken. Méi Informatioun fannt der op fraestreik.lu.