Virun engem Joer gouf dat neit Gesetz vum REVIS, dem Revenu d’Inclusion sociale ageféiert. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog um Centre Jean 23.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Estgen (27.1.2020)

Ee Joer ass et hier, dass de REVIS den RMG ersat huet. Dës Gesetzgebung ass e wichtegt Standbeen vun der Sozialpolitik zu Lëtzebuerg. De REVIS ass eng Zort Weiderentwécklung vum RMG. Et gëtt garantéiert, datt all Persoun e Minimum vu Moyene vun der Allgemengheet kritt, fir ze liewen, wann e keng aner Ressourcen huet.

Bei der Reform ginn et och en Deel wichteg Verbesserungen. D'Montante goufen ugepasst, d'Mesuren, fir op den Aarbechtsmaart ze kommen, sinn individualiséiert ginn, d'Aarbecht gëtt valoriséiert an den Sozialsuivi ass verbessert ginn. De REVIS besteet dofir aus 2 Deeler: eng Allocation d'inclusion an eng Allocation d'activation, déi een dann dobäi kritt, wann een un enger Aarbechtsmesure deelhëlt.

Mä wéi bei all grousse Reforme ginn et och hei eng rëtsch Schwieregkeeten. Déi éischt méi generell ass déi vun dem Aarmutsrisiko. Mir wëssen, dass zu Lëtzebuerg esouguer de Mindestloun just op der Grenz zur Aarmut läit. Wann een d'Entwécklung vun den Loyere kuckt, weess een, dass ëmmer méi Leit an d'Aarmut rëtschen trotz normalem Aarbechtsverhältnis. Wei kréie mer an där Realitéit an Zukunft d'Leit motivéiert, fir aus enger Mesure wéi d'Travaux d'intérêt collectif vum REVIS op den éischten Aarbechtsmaart ze goen? Dat ass eng grouss politesch an ekonomesch Fro, déi wäit iwwert d'Sozialgesetzer erausgeet, an trotzdeem e reelle Probleem duerstellt, Fir d'Philosophie vum Revis ëmzesetzen.

Dat féiert och dozou, dass et mat just deem engen Deel vum Revis, der Allocation d'inclusion, et quasi onméiglech ass, Fir z'iwwerliewen ouni doniewent Hëllef ze kréie vun den Offices sociaux.
En zweete Probleem, deen aus der Erfarung vum Terrain kënnt, ass deen, dass d'Administratioun ganz strikt ass, wann et ëm Sanktioune geet, wou d'Leit dann direkt hir Mesurë gekënnegt kréien oder och de REVIS fir 3 Méint gestrach kréien. Hei stellt sech d'Fro vun der Proportionalitéit vun dëse Strofen. Engem all Liewensgrondlag ewechzehuelen, well een e Rendezvous net agehalen huet, ass onmënschlech.

Hei hu mir Beispiller, wou Persounen, déi elo zanter enger längerer Zäit sech gutt an d'Mesuren integréiert hunn, déi eng gewësse Stabilitéit kruten an och erëm Selbstvertrauen opgebaut hunn, fir eppes aus hirem Liewen ze maachen, op der Strooss landen.

An Däitschland ass virun 2 Méint eng ganz änlech Reegelung vum Verfassungsgeriicht gekippt ginn. Do däerfe Sanktiounen elo héchstens nach 30% vum Hartz 4 ausmaachen, well et soss net vereenbar ass mat dem Recht op e mënschewierdegen Existenzminimum.

Mir brauchen hei e besseren Dialog tëscht der Administratioun an de Sozialaarbechter um Terrain, déi d'Leit begleeden. Dass et Sanktioune ginn ass richteg, mä wa Sozialaarbecht heescht, de Leit ze hëllefen, fir dass si et schaffen, fir autonom kënnen an der Gesellschaft ze bestoen, da brauche mir sécher eng méi individuell a sensibel Approche. Pedagogie vun den haarder Bestrofung ass net méi zäitgeméiss, well et bewisen ass, dass se d'Mënschen net opbaut, mä aus der Gesellschaft ausschléisst.

Hei muss also ganz sécher nach eng Kéier un dem neien REVIS-Gesetz nogebessert ginn.