Vu Lëtzebuerg aus gëtt mat Erfolleg vill ënnerholl, fir weltwäit de Leit ze hëllefen, Accès ze kréien, u gängeg Finanz- a Bankenoperatiounen wat een «inclusion financière» nennt. An dëser Carte Blanche gëtt drop higewisen, datt paradoxerweis an eise Länner an Europa méi a méi Leit et schwéier fannen, fir de Kontakt zu de Banken an der Finanzwelt ze behalen. Duerch d'Digitalisatioun fille si sech ausgeschloss a ginn et och deelweis. Mir si gefuerdert deem Trend entgéintzewierken.

Carte Blanche vum Michel Maquil

Lëtzebuerg huet sech weltwäit een Numm an der "inclusion financière" gemaach. Hei dréit et sech drëm, alle Leit ze erméiglechen, Accès ze kréien, u wesentlech Finanzoperatiounen, fir esou hiert d'Liewen autonom kënnen ze organiséieren. Do gouf scho villes geleescht wéi zum Beispill an de Mikrokreditter, an och effektiv geet d'Zuel vun deene Leit, déi nach keen esou en Accès hunn, reegelméisseg zeréck. Dës Aktioun gëtt gréisstendeels erméiglecht duerch eng Rei technesch Neierungen am Bank- a Finanzwiesen, wéi déi Systemer, fir Bezuelungen iwwer den Handy ze maachen.

Esou änlech Erneierunge brénge paradoxerweis an eise Länner mat sech, datt verschidde Leit sech ausgeschloss fillen, well se Schwieregkeeten hunn hir üblech Bankoperatiounen um Computer oder un engem Bankautomat selwer ze maachen. Dat ass och net einfach fir jiddereen.

De bekanntste Fall ass dee vun eisen eelere Matbierger, dee vun de Leit mat engem Handicap oder vun deenen déi länger Zäit krank sinn. Mer mussen och un all déi Leit denken, déi ee ganz schwaache Schoulofschloss gemaach hunn. Fir si all kann et eng grouss Erausfuerderung sinn, fir eleng esouguer mat einfache Bankoperatiounen eens ze ginn.

An enger Bankagence ass wuel déi perséinleche Berodung nach méiglech, mä dofir muss een dann awer Zousazkäschte mat a Kaf huelen.

Vill vun deene Leit, déi Schwieregkeete mat de gängege Bankoperatiounen hunn, sinn dacks knapp bei Kees, an do zielt all Euro. Dann ass et nëmme verständlech, datt se déi Käschte wëlle verhënneren.

Dann ass och de Fall vun deene Leit, déi duerch eng Rei Ursaachen iwwerschëlt sinn. Datt si bei wäitem net nëmmen déi, déi liichtsënneg Scholden opgeholl hunn, fir Konsum Artikelen ze kafen. Et gi vill Leit, déi duerch ee Schicksalsschlag wéi en Accident, ee Stierffall oder duerch de Verloscht vun der Aarbechtsplaz iwwer Nuecht an eng ganz delikat finanziell Situatioun gerëtscht sinn. Wann do keen Drëtte mat Garantien opkënnt, dann ass et fir déi Leit bal onméiglech vum traditionelle Bankesecteur gehollef ze kréien, fir esou hir Situatioun erëm an der Grëff ze kréien.

Fir deem entgéint ze wierken, gouf schonn eng éischt Initiativ geholl, andeems hei zu Lëtzebuerg Mikrokreditter ugebuede gi fir déi Leit, déi kee Kredit am traditionelle Bankesecteur méi kënne kréien.

Fir de Secteur vun der Finance Inclusive gëtt et eng grouss Erausfuerderung, fir eng adaptéiert Strategie ze definéieren, fir hei ze hëllefen, a wann och nëmme méiglech fir scho preventiv kënnen ze wierken.

Schlussendlech geet et drëm, ze verhënneren, datt mer an eiser Gesellschaft engersäits Leit hunn, déi am Finanzsecteur eng grouss Panoplie vu Méiglechkeete gebrauche kënnen, wärend anerersäits et Leit gëtt, déi keng esou Méiglechkeeten hunn, an dann einfach eleng musse kucke wéi se eens ginn.

*Michel Maquil

Fräie Finanzberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse