Am Géigesaz zu deene meeschten anere Länner gëtt et hei zu Lëtzebuerg kee Mieterschutzverein. Dat soll sech elo änneren! Dozou eng Carte Blanche vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun enger Stëftung, déi am Logement aktiv ass.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

Um Immobiliëmarché ass de Locataire dee schwächsten Acteur. Grad déi vulnerabelst Stéit sinn dacks der Willkür vun hirem Proprietär ausgesat a wëssen net, wéi si sech dogéint wiere sollen.

D'Immobilienagencë sinn an der Chambre Immobilière federéiert an d'Vermieter gi vun der Association des Propriétaires vertrueden. De Locataire awer, dee steet ganz eleng do. Hien huet keng Lobby, déi seng Interesse vertrëtt a keen, deen him bäisteet an der Nout. A ville Länner ginn et sougenannte Mieterschutzveräiner. Dat sinn Associatiounen, déi d'Interesse vun de Locatairë vertrieden, si beroden an se och juristesch begleeden, wann hir Proprietäre probéieren, se ze beducksen.

Mir hunn hei zou Lëtzebuerg ee Mietrecht, wat à la Base guer net esou schlecht ass. De Probleem ass just, dass vill Proprietäre sech net drun halen an d'Locatairen hir Rechter net kennen.

Am Mietgesetz steet zum Beispill, dass ee Proprietär maximal 5% vum Capital investi als Joresloyer froen däerf. De Problem heibäi ass awer, dass de Locataire fir gewéinlech net weess, wat sengem Proprietär säin Invest war. Et ass dofir net einfach, fir ze wëssen, ob de Loyer korrekt oder abusiv ass. Hei bréicht et eng generell Obligatioun, de Capital investi an de Bail ze schreiwen. Ee Mierterschutzveräin kéint als Lobbyist vun de Locatairen esou eng Fuerderung stellen.

Aus Mangel un Alternative ginn déi meeschte Locatairen op den Office social, wa si e Problem mat hirem Proprietär hunn. An och, wann do ganz qualifizéiert an engagéiert Sozialaarbechter schaffen, si si fir gewéinlech keng Experten am Mietrecht. Ee Miterschutzveräin awer kéint d'Locatairë juristesch beroden a si iwwert hir Rechter opklären. An engem zweete Schrëtt kéinte si dann zesummen déi kommunal Mietkommissioun saiséieren an duerno och op Geriicht goen.

Dir gesitt also, dass esou ee Mieterveräin och hei am Land duerchaus seng Berechtegung hätt.

Elo huet ee klenge Grupp vu Leit sech zesummegedoen, fir esou eppes an d'Liewen ze ruffen. Iwwer Memberskaarten eleng ka sech esou ee Veräin awer net finanzéieren. Dofir sinn d'Fraisen ze héich an déi meescht Locatairen ze aarm. Et ass ze hoffen, dass de Staat déi Initiativ finanziell ënnerstëtzt, fir dass si hir Aktivitéit esou séier wéi méiglech ophuele kann.