An dräi Deeg kréie mir een neie Wirtschaftsminister. E kënnt aus der Dynastie Hildgen-Fayot, déi schonn zanter iwwer engem Joerhonnert an der Chamber vertrueden ass. Zwar war en 2018 net als Deputéierten erëmgewielt ginn, konnt awer noréckelen, wéi den Etienne Schneider 2018 erëm Minister gouf. An elo fält en erëm Trap erop an däerf den Etienne Schneider als Minister ersetzen. Félicitatiounen!

Carte Blanche vum Astrid Lulling

Net felicitéieren awer kann ech den elo Ex-President vun der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechter Partei fir seng Fuederung, bei eis missten Ierfschaftssteieren an direkter Linn agefouert ginn, dat heescht d’Kanner, wa se vun den Elteren ierwen, oder d’Elteren, wa se vun de Kanner ierwen, missten dem Staat a Form vun enger Steier en Deel vun dem oftrieden, wat hir Elteren erschafft an erspuert hunn. Abee Merci.

Ech war ëmmer houfreg drop, wann ech mengen auslännesche Kolleegen, besonnesch am Europäesche Parlament, soe konnt, datt et bei eis keng Ierfschaftssteier an direkter Linn gëtt. Ech hoffen, dass deen neie sozialistesche Minister an der Bettel-Regierung et net fäerdegbréngt, seng Kolleegen dovun ze iwwerzeegen, dass d’Regierung e Gesetzprojet deponéiert, fir esou eng Steier anzeféieren.

Ech sinn aus enger Aarbechterfamill, meng Elteren haten awer 1929 e Reienhaus gebaut an deem ech grouss si ginn an dat ech och mat mengem Brudder geierft hunn, wéi mäi Papp gestuerwen ass. Mäi Brudder konnt dunn en eegent Haus bauen, ech hunn d’Heemechtshaus mat menger Mamm iwwerholl, mer konnten allen zwee e Kredit ophuelen, fir dann en eegent Haus ze finanzéieren, an dee Kredit och ofbezuelen, ouni ënnert d’Aarmutsgrenz ze falen. Et gouf an et gëtt an eisem Land ganz vill Leit, déi vill méi al awer och Joerzéngte méi jonk wéi ech sinn, déi zu engem eegenen Heem komm sinn, och wann hir Elteren oder Grousselteren nëmmen einfach Aarbechter waren. A menger Jugend an och nach duerno konnten esouguer nach Leit ouni Ierfschaft un en Haus kommen, wa se, wéi meng Elteren, gespuert haten, fir bauen ze kënnen.

Haut ass dat vill méi schwéier. Dofir däerf et an der Regierung an an der Chamber keng Majoritéit ginn, fir esou eng Steier anzeféieren.

Ech sinn esouguer der Meenung, datt et iwwerhaapt keng Ierfschaftssteier an der Famill dierft ginn. Et gëtt jo och Leit wéi ech, déi keng Kanner, also keng Direktierwen hunn, awer Monni, Tatta, Grousstatta, esouguer Urgrousstatta sinn.

Firwat kënnen net déi an der Famill awer de Staat, vun deem profitéieren, wat se hannerloossen, dacks och nëmmen en Haus a keng Milliounen. Ech sinn der Meenung, dass och Neveuen an Niessen a Groussneveuen an -Niessen, keng Ierfschaftssteier bezuele missten, fir dass dat Gespuerten an der Famill bleift.