De leschte Freideg hat d’Astrid Lulling hei an hirer Carte blanche sech Suerge gemaach, den neie Wirtschaftsminister Franz Fayot kéint eng Ierfschaftssteier an direkter Linn aféieren. Och den Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien, de Laurent Mosar, ass dëser Angscht verfall. A senger Carte Blanche deelt de Paul Hammelmann dës Ängschte guer net an äntwert dem Astrid Lulling op eng méi kollegial Manéier.

Léift Astrid,

Eigentlech wollt ech dech jo froen, ob's du mech net wëlls adoptéieren. D'accord, 't ass och e bësschen Egoismus mat dësem Gedanke verbonnen, well d'Ierfschaft vum Reienhaus zu Schëffleng hätt mech schonn interesséiert, mä och vill Sympathie wéinst dengem Franc-Parler an dengem Courage, d'Saache beim Numm ze nennen!

Deng Kritik awer un der – wéi s du se tituléiers – „Fayot Dynastie" war e gutt Stéck ënnert der Ceinture.

Wann een hei am Land vun Dynastie schwätzt, da misst ee fir d'éischt emol d'Dynastie vun de "Grossgrund-Besëtzer" kritiséieren deenen, zu hirer Honnert, ¼ vun de Bauterrainen zu Lëtzebuerg gehéiert an déi an engem ganz herrschaftlechen Gedankegang op hire Latifundien sëtze bleiwen an onwarscheinlech Renditen encaisséieren.

D'Wochenzeitung „Lëtzebuerger Land" bréngt quasi all Freideg eng recherchéiert a fondéiert Analys vun dëser Problematik mat hire Konsequenzen op den Urbanismus, d'Liewensqualitéit an eben de Problem vun den Logementspräisser, déi engem Aarbechtermeedchen vun haut et onméiglech maachen, sech eng Wunneng unzeschafen.

An wann de Franz Fayot an engem erfrëschenden Gedankenaustausch iwwer eng seriö Verméigenssteier oder och eng Ierfschaftssteier en ligne directe nogeduecht huet, hat hien sécherlech net d'Reihenhaus zu Schëffleng am Viséier.

Esouguer a Frankräich, e Land, wat jo net grad zimperlech ass a sengen Steiersätz, gëtt et Fräibeträg och an der Ierfschaftssteier, déi enger bescheidener Famill et erlaben, d'Erspuernisser an d'Immobilie – an der Eenzuel w.e.g. – vun den Elteren steierfräi z'ierwen.

Grouss Fortunen awer mussen hei och an direkter Linn e Prozentsaz un de Staat oftrieden. E nëmme ganz bescheident Beispill ass hei d'Famill Picasso, e Beispill awer, wat eis alleguer erlaabt, vu senge Wierker ze profitéieren, well systematesch Ausstellungen organiséiert ginn: „des oeuvres reçues en paiement de droits de succession".

Souwäit ech weess, sëtzt awer dofir kee vun dem Picasso senge Kanner op der Strooss?

Dofir, léift Astrid, esou geféierlech ass dee béisen Sozialist Franz Fayot guer net, en hat éischter de Souci ze probéieren, engem vun de fundamentale Problemer zu Lëtzebuerg, ee vun den onerschwénglechen an onverschimmte Logementspräisser op de Leif ze réckelen.

An dat weess du genausou gutt wéi ech an dofir ginn ech dovun aus, datt däi Bäitrag éischter geduecht war, fir eis un d'Laachen ze bréngen, sou wéi mir 2 dacks, sief et hei zu Lëtzebuerg oder och an enger Kellerbar zu Washington, zesumme gelaacht hunn.

Als Revanche dofir dat heiten: de Picasso hat no senger Partie Petanque zu St. Paul de Vence am Restaurant op Pabeierdëschelduch eng kleng Skizz gemoolt.

Doropshin sot de Proprietär: „Oh Meeschter, wëllt Dir dat do net ënnerschreiwen?"

An de Picasso: „Cher ami, je paie mon déjeuner, je n'achète pas le restaurant".