Op der Plaz, wou ee grad sëtzt oder läit ewéi “festgeneelt“, déi sougenannte „Bettläägerechkeet“, ass e Phenomen, mat deenen d‘Infirmièren an d’Fleegepersonal dacks konfrontéiert ginn. Mä wéi geet et de Betraffenen dobäi a wéi kënne si an dëser Situatioun beschtméiglechst ënnerstëtzt ginn? D‘Anne-Marie Hanff huet eng Etüd zesummegefaasst, déi Äntwerten op des Froe fonnt huet.

AUDIO: Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff (7.2.2020)

Mat Hëllef vun Interviewe mat 32 bettläägerege Mënschen an enger opwänneger Analys konnt d'Fleegewëssenschaftlerin Angelika Zegelin e Prozess erausschaffen, deen eng betraffe Persoun um Wee an déi sougenannte „Bettläägeregkeet" duerchlieft.

Bettläägereg Persoune kënne sech net méi ouni Hëllef vun aneren deplacéieren. Si beschreiwen d'Zäit, déi si ausserhalb vum Bett verbréngen als en „Aushalen" oder „Ofsëtze vun der Zäit", musse si dach heiansdo stonnelaang an der nämmlechter Positioun verbréngen, bis een hinnen nees do „raus" hëlleft. Aus Angscht vum ze laange Sëtzen (bis zu 10 Stonnen) bleiwen déi Betraffe léiwer ganz am Bett. „Gerapps" wärend schwierege Mobilisatioune féiert dozou, datt de Betraffene seng Uspréch zeréckschrauft a „sech" dem Personal net méi zoumudde wëll. Opstoen an Undoen, wat jo eigentlech zum Alldag gehéiert, gëtt op eemol zu engem Luxus, op deen déi Betraffen aus Récksiicht op d'Personal verzichte wëllen. D'Personal kritt doduerch d'Impressioun, wéi wann déi Betraffe sech net méi beweege wéilten. En Däiwelskrees!

Schwiereg Mobilisatioune stellen d'Weichen, gegléckte Mobilisatiounen allerdéngs och! Dobäi fënnt e positiven Austausch statt, deen opmontert. Och gëtt de Betraffenen aktiv mat agebonnen amplaz e wéi e Bamstamm ze hiewen.

Fir d'Mobilisatioun sinn dacks 2 Persounen néideg. Personal, wat aus ënnerschiddlechste Grënn net ëmmer disponibel ass. Fir dass déi Betraffen net bei Allem op d'Hëllef vun Aneren ugewisen sinn, kréie si d'Saachen no bei sech geluecht. Iergendwann brauche si sech guer net méi ze deplacéieren.

De Verlaf vun dësem ganze Prozess ass natierlech och vun de Krankheeten, déi déi Betraffen hunn an awer och vun hirem Ëmgang mat erausfuerderende Situatiounen ofhängeg. Wichteg schéngt dobäi, wéi vill Sënn déi Betraffen an hirem Liewen fannen, ob si sech wäertgeschat a gebraucht Fillen oder ob si sech als Belaaschtung empfannen.

Eng rezent Etüd weist, mat Hëllef vum Fleegepersonal kann de Prozess vun der Bettläägeregkeet esouguer deelweis réckgängeg gemaach ginn. D'Gefill vu Sécherheet an d'Motivatioun vun de Betraffenen, awer och d'Wësse vum Fleegepersonal spillen dobäi eng zentral Roll. Konzepter ewéi Kinästhetik, woubäi déi Betraffen erëm léieren, hir eege Beweegungen ze spieren an hire Kierper anzesetzen, hëllefen dobäi, si an hirer selbststänneger Beweegung ze ënnerstëtzen.

Dir mierkt, d'Beweegung vun den Leit ass e wichtegen a gläichzäiteg komplexen Deel vun der Aarbecht vun enger Infirmière, deen leider dacks als usprochslos Grondfleeg gesi gëtt.

Dës Ënnersichung gëtt eng Virstellung dovunner, wat et bedeit, sech net méi selwer deplacéieren ze kënnen a gëtt och méiglech Erklärungen, firwat déi Betraffen am Bett "wëlle" bleiwen. An dorunner musse mir onbedéngt schaffen, wa mir de Leit an Zukunft en „Ofsëtze vun der Zäit" a „Gerapps" erspuere wëllen.