A senger Carte Blanche beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, mat dem Waringo-Rapport an deem ganze medialen Hype do ronderëm. Den Tëschebilan huet sou munch Facetten. Fir Eenzeler kéint 2020 eng „Annus horribilis“ ginn.

Carte Blanche vum Marc Glesener

Mat enger Pressekonferenz a ganz klore Wierder ass leschte Mëttwoch ee wichtege Punkt am Dossier „Cour grand-ducale" gesat ginn. De Premierminister a mat him d'Regierung hu gemaach, wat huet misse geschéien. Si hu sech 1:1 hannert d'Conclusiounen an d'Propositioune vum Jeannot Waringo gestallt.

Dont acte!

Zitt een en éischten Tëschebilan, kënnt een net laanscht e puer Feststellungen, Froen a kritesch Bemierkungen.

• Firwat huet d'Politik iwwer Joren d'Fanger wäit vum Schläifstee ewechgehalen an enger Situatioun nogekuckt, déi esou net zäitgeméiss a scho guer net haltbar war? Hei ass bei villen e selbstkritesche Bléck an déi eege Vergaangenheet ubruecht.
• A wat huet d'Press gemaach? Net vill. Bis zu deem Abléck, wou ee frou war, datt een aus den eegene Reie sech deels och op de Paria vum Journalismus beruff huet, fir seng Recherche z'etofféieren. Ëmmerhi goufen eenzel Punkten, déi am Waringo-Rapport opgedeckt konnte ginn, viru Jore schonn an de Privat-Medien duergeluecht. Hat keen dat gelies? Allez...
• E reegelrechte Selbstgol huet de Libling vun allen Monarchen, den Här Bern sech geleescht. Seng Ofrechnung mat der Lëtzebuerger Presse ass en Hohn an hien, de „enfant chéri" (och vun de lëtzebuergesche Medien), ass fale gelooss ginn, ewéi eng waarm Gromper. Keng Chronik méi am Lëtzebuerger Wort. Gudd esou.
• An den Haff selwer? Positiv ze bewäerten ass dem erklärte Welle mat u Reformen an u méi Transparenz ze schaffen. Woubäi et och hei guer keng Alternativ gëtt. A keng Alternativ a Fro kënnt.

Kommunikatiounsméisseg a strategesch net ze verstoe war de Bréif un d'Lëtzebuerger. Zu enger Objektivéierung vun der Debatt ronderëm de Waringo-Rapport huet dësen Text sécher net bäigedroen. O nee! Wierklech net.
• Nach e Wuert zum Toun an der Form vun der ganzer Debatt an de Medien. Do huet mech villes gewonnert. Hefteg war et. – Dozou nëmmen ee Beispill: Wann een ëffentlech dovu schwätzt, datt et der um Haff an d'Schnëss gi sinn, misst een a mengen Aen zumindest e bësse méi konkret ginn.

Nu gutt, 2020 huet - fir et (wann ech mer dat erlaben dierf) mat der Queen ze soen - un der Spëtzt vum Staat als „Annus horribilis" ugefaangen. Mol kucken ewéi dat weider geet...