A senger Carte blanche vun haut beschäftegt sech de Roland Pinnel mat engem Thema, vun deem hie behaapt, mir wären doranner Weltmeeschter. Wat hien domat mengt, seet hien eis elo.

Carte Blanche vum Roland Pinnel

Fir d’alleréischt wëll ech emol haut op Vältesdag alle jonke Verléiften a manner Jonken, mä ëmmer nach Verléiften, alles Guddes wënschen.

Doriwwer eraus géif ech awer gär hei an elo op eng Thematik agoen an där mer Weltmeeschter sinn, ouni dass dat eis eigentlech richteg bewosst ass.

Ech schwätze vum Fussball. Net vu Fussballsmatcher, wou 22 Spiller engem ronne Lieder nolafen a versichen, méiglechst vill Goler ze schéissen. Nee, ech géif gär e puer Iwwerleeungen iwwer de Bau vu Stadionen hei zu Lëtzebuerg maachen. An do am Besonneschen iwwer ee Stadion – wat soen ech? – dee Stadion, dee mer am gaang sinn op der Kockelscheier ze bauen. Et ass genee an där Disziplin, déi eis, am Verglach mat aneren Natiounen, eemoleg mécht; souzesoe weltmeeschterlech.

Ech erkläre mech:

Eise Stadion steet an der Hitparad vun de Lëtzebuerger Projeten, déi hire Budget wäit iwwerschratt hunn, ganz uewen. Ech wëll elo hei awer net kucken, firwat dat esou ass; ech si villméi u Folgendem interesséiert: nämlech un der Relatioun, déi et tëschent dem Gesamtkäschtepunkt vun der Konstruktioun am Verhältnis zu der Zuel vun de Plaze gëtt.  Oder méi einfach ausgedréckt: Wat kascht am Endeffekt eng Sëtzplaz?

Dat sinn, wann dann de finale Budget vu ronn 79 Milliounen € iere sollt agehale ginn, bei 9.385 Plazen, ronn 8.400.- € pro Plaz! Loosst Iech dat emol op der Zong zergoen! 8.400.- € fir eng Plaz. ‘t ass verréckt!

Do kënne kleng Duerfstadionen wéi d’Allianzarena zu München mat hire 75.000 Plazen sech jo nëmme schummen. Déi kommen op schappeg 4.300.- € pro Plaz. An zu Freiburg, wou se och en neie Stadion  bauen, kommen se souguer nëmmen op 3.700.- €. Och de «Stade de France» steet mat sengen 4.500.- € pro Plaz nawell zimmlech aarmséileg do.

Wa mer et schonn net am Fussballspillen bis an déi iewescht Liga packen, da si mer dofir awer a puncto Käschte beim Stadionbauen topp.

Mir sinn ebe mat eisen 8.400.- € pro Sëtzplaz absolut Weltspëtz; mat anere Wierder: mir si Weltmeeschter!