De Benoît Reiter, Jurist an Historiker, werft e kritesche Bléck op den europäesche Projet.

Carte Blanche vum Benoît Reiter

Zu Lëtzebuerg si mer instinktiv pro europäesch agestallt. Mir kennen eis Geschicht a wëssen, wat eis blitt, wann eis Nopere sech streiden a Krich ënnertenee féieren. Lëtzebuerger sinn dowéinst am Allgemenge fir Europa, fir déi europäesch Unioun. Dofir staune mer och iwwert eis englesch Frënn, déi net méi wëllen um Friddens- a Wuelstandsprojet Europa deelhuelen.

Mä sinn d’Resultater vun der europäescher Unioun sou iwwerzeegend, dass ee se net brauch ze hannerfroen?

Um ekonomesche Plang ass den europäesche Projet net iwwerzeegend. De gemeinsame Bannemaart, u sech eng exzellent Iddi fir Wueren a Servicer fräi ze echangéieren, ass iwwerreguléiert an iwweradministréiert. Nei an innovativ Projeten hunn dofir nach just seelen hiren Ursprong an Europa. Säit dem Ufank vun de 70er Jore sinn déi europäesch Länner mat enger ëmmer méi grousser Aarbechtslosegkeet konfrontéiert, mat alle sozialen a politesche Konsequenzen, déi esou eng Situatioun iwwer Joerzéngten no sech zitt.

Den Euro ass gescheitert. Déi europäesch Zentralbank probéiert, déi gemeinsam Wärung duerch ëmmer méi déif Zënsen an héich Finanzsprëtzen ze retten, mä déi nächst Finanzkris ass virprogramméiert. Bis dohi sinn et d’Spuerer, déi Sue verléieren, an duerch déi vill ze niddreg Zënse ginn ënner anerem d’Immobiliëpräisser no uewe gedréckt.

Vill Leit ginn haut de Baueren d’Responsabilitéit fir eng produktivistesch Landwirtschaft, déi Ëmweltschied provozéiert an Insekte futti mécht. Ween ass da fir dës Situatioun responsabel, wann net d’Decideure vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik? Si hu joerzéngtelaang d’Subventiounen am Sënn vun der haiteger Situatioun orientéiert, déi si also och ze veräntwerten hunn.

Et schéngt mer evident ze sinn, dass déi europäesch Unioun am Kader vun de Flüchtlingskrisen a Syrien a Libyen total versot huet. An dëse Konflikter ass d’EU inexistent. D’griichesch Insele sinn iwwerfëllt mat Leit, déi iwwerhaapt keng Perspektiv hunn. Den Erdogan sëtzt um laangen Hiewel a kann Europa erpressen. A Libyen sammelt sech de Misär aus Afrika an déi Onglécklech probéieren, mat alle Mëttelen an Italien ze kommen.

Wéi ass et mat der Definitioun vum europäesche Projet selwer? Wat soll dës Unioun sinn oder ginn? E richtege Staat, eng Konfederatioun vun Nationalstaaten oder soss eppes? Wat sinn déi geographesch Limitte vum Projet? Och dës Onsécherheeten droen net zur Akzeptanz vum europäesche Projet bäi. Jiddweree mierkt, dass eng Unioun mat enger sou grousser Zuel vu Memberen, mat ganz ënnerschiddlechen Interessen, net handlungsfäeg ass.

Et wier vläicht Zäit, net just ëmmer erëm d’Leier vum Populismus opzesoen, wann d’EU kritiséiert gëtt oder wann e Land se wëll verloossen. Et sollt een den europäesche Projet grondsätzlech iwwerdenken. Firwat net op e Käreuropa zréck kommen, dat kënnt a Richtung vun engem federale Staat evoluéieren? Donieft kënnt ee mat den anere Staaten nach ëmmer e gemeinsame Maart opbauen, zu deem och vläicht Groussbritannien erëm kéint gehéieren.