Fir d’Ziler vun der Klimapolitik ze erreechen, ginn och vill Investmentfongen ugebueden, déi vu sech behaapten, an nohalteg Gesellschaften ze investéieren. An dëser Carte blanche gëtt ervirgehuewen, datt et dacks Nimm sinn, déi een net spontan mat Nohaltegkeet a Verbindung bréngt.

Och wann dat ablécklech dach Sënn mécht, werft et Froen op. Et ass duerfir néideg, nei Bedingungen ze schafen, fir hei méi gezielt kënnen ze investéieren, an iwwer dee Wee déi Transitioun op eng nohalteg Wirtschaft ze realiséieren.

Carte Blanche vum Michel Maquil

Mir sinn all gefuerdert fir derzou bäizedroen, datt d'Ziler vun der Klimapolitik erreecht ginn. Dat gëllt virun allem fir d'Finanzindustrie. Eng ganz Rei Finanzprodukter goufen och realiséiert, déi drop aus sinn, datt méiglechst vill Kapital an den Opbau vun enger nohalteger Wirtschaft fléisst.

Esou ginn ablécklech eng ganz Rei Investmentfongen ugebueden, déi all vu sech behaapten, datt se an nohalteg Gesellschaften investéieren. Um Beispill vun esou enger Rei ETF-Investmentfongen, déi eng 50 Milliarden Euro duerstellen, gesäit een dann a wat fir spezifesch Gesellschaften dës Fongen investéieren.

Op éischter Plaz steet Microsoft, an hannendrun Procter & Gamble, eng grouss amerikanesch Firma déi Konsumartikele produzéiert, Alphabet, d’Mammegesellschaft vu Google, da kënnt Apple an op der 5. Plaz, déi franséisch Pëtrolsgesellschaft Total.

D'Aktie vun Alphabet goufen an déi Investmentfongen opgeholl, well 30% vun deene gigantesche Masse Stroum, déi Google a senge villen Datenzentren verbraucht, vun erneierbaren Energiequellen hierkommen. D'Fro gëtt net gestallt op esou Aktivitéite generell nohalteg sinn.

D'Aktie vun der Firma Total sinn opgeholl ginn, well Total, vun alle Pëtrolsgesellschaften, déi ass, déi am meeschten Efforte gemaach huet, fir den Ziler vun der Cop21 méi no ze kommen. Hei gëtt dervun ofgesinn, datt Total als Basisaktivitéit d'Exploitatioun vu fossiller Energie, huet.

Esou nohalteg Investmentfongen goufe séier organiséiert a se beruffe sech haaptsächlech op Informatiounen, déi d'Gesellschaften, an déi se investéieren, iwwer sech selwer verëffentlechen. Dat sinn Informatiounen, déi net vun engem Drëtten, wéi z.B. engem Reviseur, kontrolléiert ginn. Esou schafft och d'Lëtzebuerger LuxFLag, déi direkt mat vill Asaz ee Label fir eng 110 esou Investmentfonge gëtt.

Op Basis vun den Informatiounen, déi disponibel sinn, kann ee kaum anescht virgoen. Et ass eng pragmatesch Approche, déi wuel hir Meritten huet, mä et gesäit een och, datt se Limitten huet. Esou gouf zum Beispill déi selwecht Firma Total viru kuerzem a Frankräich vun enger Rei Ëmweltaktivisten a vu franséische Gemenge viru Geriicht ugesicht, well se net genuch ënnerhuelt, fir déi gewënschte Klimaziler ze erreechen.

Mir brauchen also vill méi genee a virun allem objektiv Krittären, fir d'Nohaltegkeet vun Investissementer ze begrënnen, an duerfir kann een nëmme begréissen, datt d'Europäesch Unioun sech der Saach ugeholl huet, fir esou verbindlech Krittären opzestellen, déi dann novollzéibar sinn, also och vun Drëtten, wéi vun enger LuxFlag kënne gebraucht ginn.

Elo muss ee gesinn, ob dës Krittären et dann och méiglech maache, fir weider a groussem Stil an nohalteg Investmentfongen ze investéieren. Egal wéi muss hei nach vill geschéien, fir datt den Investisseur och wierklech deen Impakt bewierkt, deen hie sech wënscht. Dat ass dringend néideg, fir d’Transitioun op eng nohalteg Wirtschaft esou séier wéi méiglech ze erreechen.

Michel MAQUIL

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Fräie Wirtschaftsberoder

Lëtzebuerg, 17. Februar 2020

*Michel Maquil

Fräie Finanzberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse