D’Ecrane bestëmmen eisen Alldag an dee vun eise Kanner. Hire Gebrauch duerch déi Jonk ass ee Sujet, deen haut an aller Mond ass. Maachen d’Ecranen eis Kanner reegelrecht topeg? De Gaston Ternes mécht sech an dëser Carte blanche seng Gedanken dozou.

AUDIO: Carte Blanche vum Gaston Ternes

An engem Moment, wou den iPad zum Standard Handwierksgeschier vum Unterrecht avancéiert, hëlt och d’Stëmm vun de Géigner zou. Schonn Enn 2015 huet den OECD-PISA-Konsortium ee ganz kritesche Rapport ënnert dem Titel “Connectés pour apprendre?” erausginn, an dat mat der Haaptausso: “Wat Kanner méi Software, Internet an edukativ Programmer gebrauchen, wat hir Performance an der Schoul méi biergof geet”. Schonn ëmmer haten eminent Gehierfuerscher, alle virop de Manfred Spitzer, virun “digitaler Demenz” gewarnt a si wëllen dofir d’Technologien ganz aus der Schoul verbannen. Rezent huet de Michel Desmurget, Direkter am CNRS, dem nationale wëssenschaftleche Recherche Zentrum a Frankräich, mat sengem Buch “La Fabrique du crétin digital, les dangers des écrans pour les enfants” geziilt des Thees ënnerstëtzt.

Den alarmisteschen Discours hält eis awer dervun of, eis déi richteg Froen ze stellen. Hannert dem Numm “Ecran” verstoppt sech mëttlerweil eng Hellewull vun Interfacen an Uwendungen: d’Televisioun, de Smartphone, déi sozial Netzwierker, d’Videospiller grad esou wéi edukativ Software. De Sujet betrëfft also ganz verschiddenaarteg Problematiken.

Et heescht een nuancéierten Discours ze féieren: Et gëtt Momenter, wou de Gebrauch nëtzlech a wichteg ass, et gëtt anerer, wou dëst net de Fall ass. Séier kënnt dann d’Fro, ob vum raisonnabele Gebrauch a vun der maximaler Zäit. Ee raisonnabele Gebrauch ass deen, dee keng Konsequenz op d’Liewen am Alldag huet, op d’Léieren oder op d’Aarbechtsorganisatioun.

Tëschent allen Experten, déi sech esou ganz ënnerschiddlech iwwert dëst Thema ausdrécken, gëtt et ee Minimalkonsens: ee Kand ënner 12 Joer soll ee prinzipiell net eleng virum Ecran loossen.

Et ass awer esou, dass mir haut de Jonken digital Kompetenze vermëttele mussen. Den iPad an der Schoul ass ee gutt Instrument heizou: hien ënnerstëtzt net nëmmen d’Léieren, hien erlaabt et zum Beispill ze weisen, wéi Internet a seng Algorithmen eis beaflosse wëllen, wéi de kommerzielle Modell vum Sammele vu privaten Donnéeën funktionéiert.

Meng Äntwert ass: Ecrane maachen d’Kanner net topeg, si sinn eng formidabel Ressource, ënnert enger Konditioun: dass mir déi Jonk heibäi begleeden. Dofir ass déi bevirstoend Initiativ vun eisem Erzéiungsminister “Les écrans en famille, gérer, éduquer et accompagner” och absolut ubruecht. Hoffentlech huet si en Impakt a gëtt zum Gespréichstheema, esouwuel an der Famill ewéi och an der Schoul.

(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell Erzéiungswëssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.